Wéi d'Spuerkeess an d'BGL confirméiert haten, war et op verschidde Plazen net méiglech, mat der Kaart ze bezuelen. De Problem louch bei Worldline.

Wéi Worldline en Donneschdeg am Nomëtteg op RTL-Nofro hi confirméiert huet, war de Problem ëm kuerz no 12 Auer geléist. Schold um Feeler ware méiglecherweis op Aarbechten um Glasfaser-Reseau an der Stad zréckzeféieren. Dës Aarbechten hätte fir Perturbatiounen um europäesche Reseau fir Bezuelungsservicer gesuergt. Och den Telefonsreseau vu Worldline war en Donneschdeg de Moien mat Amenter ausser Betrib.

RTL

© RTL Mobile Reporter

D'Banken haten do virdru scho confirméiert, dass e gréisseren technesche Problem beim Kaarten-Operateur Worldline virlouch.

A Supermarchéen a Geschäfter war et net méiglech, mat der Kaart ze bezuelen, dat haten eng ganz Partie Leit RTL gemellt. Verschidde Supermarchéen haten och schonn Duerchsoen erausginn, dass et net méiglech wier ze bezuelen oder mat der Kaart Geld opzehiewen.

Et koumen och Meldunge vun Leit, déi am Ausland ënnerwee waren, an och do net konnte mat hirer Kaart bezuelen. Des weidere war wuel och den Online-Banking vun der Bank Raiffeisen zäitweis net accessibel. Ob dat elo eppes mat de Wordline-Problematik ze dinn hat, ass net iwwerliwwert.

Apple-Pay war vun der Stéierung en Donneschdeg net concernéiert.

Schreiwes vu Worldline

Worldline Financial Services (Europe) S.A.
Atrium Business Park
33, rue du Puits Romain
8070 Bertrange
Luxembourg
worldline.com

Luxembourg, le 24 Novembre 2022

Interruption technique des services de paiement et de l’accessibilité à Worldline, Jeudi 24 Novembre 2022

Entre 8h55 et 12h05 aujourd'hui, une perturbation technique s'est produite chez Worldline, très probablement causée par des travaux de construction sur le réseau de fibre optique au Luxembourg.

Cela a créé des perturbations au niveau de l'infrastructure du réseau européen des services de paiement de Worldline, avec des impacts sur les transactions en points de vente et sur les distributeurs automatiques de billets au Luxembourg.
Nos experts ont maintenant stabilisé nos systèmes et la perturbation a été résolue. Nous sommes en contact étroit avec tous les partenaires concernés pour assurer un suivi approprié ainsi qu’évaluer et remédier avec eux aux potentiels impacts.

Worldline Financial Services (Europe) S.A