D'Iwwerschwemmungen am Juli zejoert waren déi deierst Naturkatastroph an der Geschicht vu Lëtzebuerg.

Dat huet d’DP-Finanzministesch Yuriko Backes an der Chamber op eng Question élargie vum Gréngen Deputéierte Charel Margue geäntwert. D'Yuriko Backes huet erkläert, datt d'Solutioun vun engem Naturkatastrophefong ganz grouss Finanzéierungskapazitéite bräicht. Dës kéint de Lëtzebuerger Assurance-Secteur net eleng en Charge huelen, well de Marché ze kleng wier.

"Wéinst der Gréisst vun eisem Land ass et och schwiereg eng Mutualisation des risques hierzestellen", huet d'Ministesch ënnerstrach. Dat wier awer de grondleeënde Prinzip vun esou engem Naturkatastrophefong.

Déi staark Wiederen am Juli zejoert hätte gewisen, dass bei engem klenge Land séier all d’Regioune concernéiert wieren. Eng punktuell staatlech Interventioun am Katastrophefall wier dowéinst déi besser Solutioun. Et wier een awer mam Assurance-Secteur a Gespréicher fir déi bescht Ofsécherungsmodeller fir d'Bierger ze analyséieren.

Weider huet d’Ministesch nach betount, dass d’Iwwerschwemmungen am Juli zejoert déi deierst Naturkatastroph an der Geschicht vu Lëtzebuerg war. Dës huet den Assurance-Secteur 133 Milliounen Euro kascht, an de Staat bis elo 30,5 Milliounen aus der Enveloppe vun 100 Milliounen, déi dësen zur Verfügung gestallt hat.