250 Neiinfektiounen an 190 Reinfektioune bei 1.416 PCR-Tester

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.172 bliwwen ass.
Aktuell si 40 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt 250 Neiinfektiounen an zousätzlech 190 Reinfektiounen, en Total vun 440. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.559 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 240 waren ergänzend Dosen, eng Persoun krut eng éischt a véier Persounen eng zweet Sprëtz.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,06. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.