255 Neiinfektiounen an 219 Reinfektioune bei 1.563 PCR-Tester

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.178 bliwwe sinn.
Aktuell si 44 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn zwee Patienten op der Intensivstatioun. D'Santé mellt 255 Neiinfektiounen an zousätzlech 219 Reinfektiounen, en Total vu 474. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d'mannst 90 Deeg tëscht zwee positive PCR-Tester louchen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.292.692 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 180 waren ergänzend Dosen, sechs Persoune kruten eng éischt Sprëtz an dräi goufen e Méindeg fir d'zweet geimpft.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.