An der Nuecht op e Sonneg gouf insgesamt an 9 Wunnengen agebrach. Dat an der Stad, um Houwald, zu Alzeng, Uespelt, Eesch, Téiteng, Noumer an zu Waarken.

Iwwerdeems war géint 3.00 Auer e Sonndeg de Moien e Mann an der Rives de Clausen an der Stad iwwerfall ginn. 5 Täter haten hien hei ëmstallt an him den Handy ofgeholl. No der Dot ware si geflücht.

Ausserdeem huet d'Police 4 Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. Dat war zweemol an der Stad e jeeweils eng Kéier zu Schëffleng an zu Nidderkuer de Fall.