Cenaro huet Faillite gemaach, géint de Betrib leeft eng Enquête. Mä wat bedeit dat elo fir d'Mataarbechter?

Vill gouf déi lescht Joren um Immobilie-Marché spekuléiert. Nei an al Acteure kommen a ginn. Ma eng Faillite ënnert dëse Konditiounen gesäit ee rar, fënnt och den OGBL. De Jean-Luc de Matteis vum Bau-Syndikat:

"Mir haten déi lescht Joren ëmmer nees Bau-Faillitten. Faillitten, déi awer dacks net duerch d'Aktivitéiten u sech gebonne waren: de Carnet mat de Commande war voll, dacks louch de Problem beim Management. Dës Faillite hei huet Welle geschloen, well se u vill aner Saache gebonne war."

Notamment d'Investitiounspolitik. Fir Terrainen ze kafen huet d'Societéit "Cenaro-Capital" Kapitaler bei Investisseuren, à propres risques, gesammelt an dofir en Zënssaz vun 10 Prozent a méi versprach. D'Kapital gouf duerno an de Cenaro-Group fir déi verschidden Immobilie-Projeten investéiert. De Problem: 2021 huet d'Firma 187 mol en Acte de Vente beim Notaire agedroen. D'lescht Joer just 22 Stéck. Schwiereg fir déi zukünfteg Proprietären, ma och d'Personal.

Den Aarbechtsminister Georges Engel huet sech dozou an der RTL-Emissioun "Invité vun der Redaktioun" geäussert:

"Zemools wann een elo weess, datt et jo zu engem Prozess kéint kommen, well do eventuell Suen net richteg gefloss sinn. A soulaang nach ëmmer e Fragezeichen iwwert der ganzer Prozedur do leit, bléift d'Situatioun fir déi Leit déi do geschafft hunn, keng gutt. Mir musse kucken, deene Leit sou séier wéi méiglech ze hëllefen."

Scho kuerz viru Chrëschtdag no den éischte Rumeuren hunn Deeler vum Personal sech bei der Gewerkschaft gemellt. Am Fall vun enger Faillite kennt dat sougenanntent Faillitte-Gesetz an d'Spill. En ernannte Curateur këmmert sech ëm déi leschte Rechnunge vum Betrib. Vu wiem kritt een nach eppes, respektiv u wien misst een nach iwwerweisen. De Jean-Luc de Matteis vum OGBL erkläert:

"Da gëtt et eng Prozedur, bei der da gesot gëtt, d'Leit hu souwisou hir Saachen ze gutt, also hire Salaire. Dann kréie se e Salaire fir de Mount vun der Faillite, de Mount duerno, an d'Hallschent vun der Proufzäit. Mä do mussen dann nach Rechnunge gemaach ginn."

D'Kompensatioun gëtt vun der Adem generell no 8 bis 14 Wochen ausbezuelt, esou de Jean-Luc de Matteis:

"Fir ze evitéieren, datt d'Leit an eng ekonomesch Situatioun erafalen, déi immens komplizéiert ass, gëtt et d'Méiglechkeet, datt wann se Deklaratioun vun der Créance hunn, se kennen an en Office sociale goen, fir eng Avance ze kréien. Zanter der Faillite Socimmo vun 2012 hu mer och e System, datt ab engem bestëmmte Montant vu Retard an de Salairen d'Adem éischter aspréngt. Heescht et ginn och hei Avancen."

D'Retarde beim Bezuele vun de Paie bei Cenaro gi scho méi wäit zeréck. Ma wéi et fir d'Clienten ausgesäit, bléift opstoen. Soulaang den Dossier Cenaro beim Parquet läit, wäert et esou séier keng Solutioun ginn.