Domadder leie mer am internationale Verglach op der zweeter Plaz, knapps hannert dem Qatar, déi hiren Overshoot Day schonns e Samschdeg haten.

De 14. Februar markéiert Lëtzebuerg säin Overshoot Day, also deen Dag, op deem d'Land theoretesch all seng Ressourcë verbraucht huet. Nëmmen de Qatar steet weltwäit méi schlecht do wéi Lëtzebuerg. 8 Planéite bréichte mir dem Global Footprint Network no wa jidderee sou liewe géing, wéi den Duerchschnëttsbierger zu Lëtzebuerg. Wéi et schonn an de Jore virdrun de Fall war, lieft Lëtzebuerg iwwer seng Verhältnesser a consomméiert ze vill. All déi natierlech Ressource, déi sech am Laf vun engem Joer kënnen erneieren, si verbraucht. Wann et no Greenpeace Lëtzebuerg geet, géing nach net genuch gemaach ginn.

Overshoot Day / Reportage Sabrina Backes

D’Situatioun wier virun allem op eng schlecht CO2-Bilanz zréckzeféieren. Hei komme verschidde Beräicher zesummen, erkläert de Frédéric Meys vu Greenpeace. "Quand on se penche sur la consommation d’énergie au niveau du pays, on constate que par exemple tous ce qui est mobilité, on a une grosse consommation d’énergie qui est encore fortement carbonée on a aussi le chauffage des habitations qui est encore très fortement liée à des énergies fossiles et enfin il y a aussi l’aspect de l’alimentation et donc une alimentation qui est encore très fortement carnée donc vraiment par le plus durable en fait et le plus adapté au niveau de la continuité de la planète."

Datt Lëtzebuerg ëmmer nach ze vill vu fossille Brennstoffer ofhängeg wier, weist sech och duerch de geréngen Undeel un erneierbaren Energien am Grand-Duché, deen den Ament bei 11% läit. De Frédéric Meys betount, datt Lëtzebuerg zwar Efforten an deem Beräich gemaach hätt, mä dass dës nach net duer ginn. Sou géingen zum Beispill d’Primmen, déi ee kritt, fir kënnen eng Photovoltaik-Anlag um Dag opzebauen, net deene Leit hëllefen, déi an enger prekärer finanzieller Situatioun sinn oder just op Loyer wunnen.

Vun der Politik erwaart sech Greenpeace konsequent Entscheedungen: "Nous militons pour une réforme fiscale en profondeur en fait permettrait de réorienter les consommations vers des biens et des services plus durables et surtout en termes de consommation d’énergie fossile. Une augmentation de la taxe CO2 pour initier le changement plus rapidement parce qu’il faut tenir compte du fait qu’au Luxembourg les énergies fossiles, comme le carburant sont moins cheres que dans les pays limitrophes."

De Frédéric Meys erënnert nach drun, datt dëse Problem net nëmme Lëtzebuerg betreffe géing, mä haaptsächlech d’Industrielänner. D’Nopeschlänner Frankräich an Däitschland zum Beispill wäerten hiren Overshoot Day viraussiichtlech am Mee erreechen.
Eis Nopere komme besser ewech wéi mir: D’Belsch hätten hir Ressourcen eréischt Enn Mäerz all verbraucht, déi Däitsch an d’Fransousen Ufank Mee.