Der ULC no missten d'Kompetenze vum Landwirtschaftsministère an der Santé, fir d'Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren, gebëndelt ginn.
Méi Kontrolle wären néideg. Virum allem d'Personal, dat Analysen an de Laboe mécht, misst opgestockt ginn.
De President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann huet sech opgereegt iwwer héich Bankfraisen. Et misste Gratuitéit oder op d'mannst staark reduzéiert Tariffer gi fir vulnerabel Leit an eeler Persounen vu 65 Joer un, déi hir Demarchen dacks gär nach am Guichet géife maachen. D'ULC reprochéiert de Banken, virop der Spuerkeess an der Post, vill Filialen an antëscht och Bankomater „kalbliddeg“ zouzemaachen. Et géif hinne just ëm de Frick goen, esou den ULC-President. Elo wär et un der nächster Regierung, fir deem, am Sënn vum Konsument, en Enn ze maachen. Et misst iwwerdeems dofir gesuergt ginn, dass d'Boergeld iwwerall akzeptéiert gëtt.
De Konsumenteschutz begréisst awer d'Mesuren, déi am Kader vun der leschter Tripartite decidéiert goufe grosso modo. Och wann d'steierlech Entlaaschtungen, ewéi d'Upassung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun ze spéit an net konsequent genuch ëmgesat ginn.
D'ULC bedauert, dass de Gesetzprojet, fir Sammelkloen z'erméiglechen, nach ëmmer beim Staatsrot läit an doduerch an der Chamber nach net ka gestëmmt ginn. D'Demarchë fir individuell Kloe misste vereinfacht ginn. Dacks wär den Opwand nämlech méi grouss ewéi de Schued. Dat wär allerdéngs net am Sënn vun de Konsumenten.
D'ULC wäert als nächst préiwen, a wéi enge Walprogrammer hir Revendicatiounen erëmzefanne sinn an dann doriwwer kommunizéieren.