BundesligaDortmund spréngt un d'Tabellespëtzt, Hamburg feiert éischt Victoire

RTL Lëtzebuerg
Mönchengladbach ass no enger Defaite géint Mainz Tabelleleschten. Frankfurt a Freiburg deele sech Punkten. Bremen dréint de Match géint Augsburg.
Um 4. Spilldag feiert den HSV seng éischten 3 Punkten
Um 4. Spilldag feiert den HSV seng éischten 3 Punkten
© AFP

An der Bundesliga war et um Samschdeg d'Suite vum 4. Spilldag. Hei konnte sech ënnert anerem Hamburg mat 2:1 géint Köln a Mainz auswäerts mat 4:3 géint Gladbach duerchsetzen. E Freideg den Owend huet Bayern München fir den Optakt vum Oktoberfest Union Berlin mat 7:0 iwwerrannt.

An deenen aneren internationale Championnater gouf et an England eng béis Defaite fir Arsenal London, déi auswäerts mat 0:3 géint Brighton verluer hunn. Donieft waren och e puer Lëtzebuerger Futtballer am Asaz.

Am Traditiounsduell tëscht dem HSV an dem 1. FC Köln waren et d'Gäscht, déi an der 1. Hallschent d'Kontroll iwwert d'Spill haten. 70 % Ballbesëtz an eng sëlleg Chancë stinn um Enn vun der 1. Hallschent um Bou, e Gol sollt de Kölner awer net geléngen, dat well virun allem d'Effizienz gefeelt huet. Aus dem Näischt ass dem HSV an der 44. Minutt per Kappball vum Capaldo mat enger 1:0 Féierung an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet et keng 5 Minutte gedauert, éier den agewiesselte Poulsen de Score fir den HSV op 2:0 eropgeschrauft huet. Köln war och an der zweeter Hallschent beméit, ass ugerannt, sollt dat néideg Spillgléck awer net op hirer Säit hunn. Den Uschlossgol vum agewiesselten Ache an der 90. Minutt koum aus Kölner Siicht ze spéit. Fir den HSV sinn et déi éischt 3 Punkten an dëser Saison iwwerdeems Köln aktuell bei 4 Punkten läit.

An enger animéierter Partie deele sech Frankfurt a Freiburg d'Punkten. No 90 intensive Minutte steet et um Enn 2:2. Virun allem d'Freiburger wäerten enttäuscht sinn, dat well si an der 1. Hallschent déi spillbestëmmend Ekipp waren. D'Lokalekipp huet hier wéineg Chancen dogéint äiskal notze konnten, a louchen an der Paus duerch Goler vum Ebnoutalib a Burkardt mat 2:1 a Féierung. Nom Ausgläich vum Freiburger Suzuki huet sech e rasante Match entwéckelt, mat Chancen op béide Säiten. Um Enn steet e Remis tëscht béide Formatiounen, deen der Leeschtung entsprécht. Freiburg verpasst domat de Sprong op déi 1. Plaz an der Tabell.

Mönchengladbach bleift och no der Entloossung vum Trainer Eugen Polanski ouni Punkten a verléiert mat 3:4 géint Mainz.

Bremen huet een 0:2 Réckstand no enger rasanter zweeter Hallschent nach an een 3:2 géint Augsburg gedréit. Nom Füllkrug sengem Ausgläich an der 86. Minutt huet de Weiser an der Nospillzäit de Stadion un der Weser zum Biewe bruecht.

Am Owesmatch huet Stuttgart dann nach 0:1 géint Dortmund verluer, wouduerch de BVB sech no 4 Spilldeeg un d'Tabellespëtzt setzt. Et war eng ausgeglachen éischt Hallschent zu Stuttgart, an där d'Visiteuren am leschten Drëttel awer e wéineg méi zwéngend waren an esou och déi besser Golchancen haten. Och am zweeten Duerchgang war et e Match op Aenhéicht, an deem de BVB weiderhi méi geféierlech war an no 70 Minutten dunn och duerch de Beier a Féierung konnt goen. An der Suite huet Schwaarz-Giel dem VfB de Ball iwwerlooss, gutt Geleeënheete si bis zum Schluss awer kaum dobäi erausgesprongen. Domat huet e BVB no 4 Spilldeeg als eenzeg Ekipp all Match gewonnen an ass elo neien Tabellenéischten.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO