Eenheetlech Reegele fir d'Depositioun vu Lëschten

© RTL Grafik
Wann een an enger Proporzgemeng eng Lëscht fir d'Gemengewalen deposéiere wëll, mussen ee Member vum Gemengerot oder 50 ageschriwwe Wieler dat ënnerstëtzen.
Wéi d'LSAP-Inneministesch Taina Bofferding an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Pirate präziséiert, dierfen d'Kandidaten op der Lëscht net och d'Lëscht mat presentéieren. Dofir hätte sech d'Presidente vun den Haaptwalbüroen ausgeschwat a si hätt dat och per Circulaire un d'Gemenge weider ginn, fir eng eenheetlech Applikatioun vum Gesetz ze garantéieren.
D'Piraten hate rezent op enger Pressekonferenz gesot, datt et vu Gemeng zu Gemeng géing ofhänken, ob d'Kandidaten d'Lëscht mat presentéiere kéinten oder net.
No dëse Prezisioune vun der Inneministesch wëllen d'Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen an enger neier, dréngender parlamentarescher Fro wëssen, firwat déi Reegel dann net och fir d’Gemengeréit géing gëllen, also datt och d’Gemengeconseilleren, déi d’Lëscht presentéieren, net gläichzäiteg dierfte Kandidatin oder Kandidat op der Lëscht sinn. De Chamberpresident huet d’Urgence vun der Fro unerkannt, sou datt d’Taina Bofferding elo eng Woch Zäit huet, fir op d’Fro z’äntweren.