D'Regierung an d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ware sech jo am Dezember iwwer eng Hausse vu 5% eens ginn, awer just op déi éischt 100 Punkte vum Indice.

Esou kréie méi kleng Revenue beim Staat proportional méi ewéi méi héich Revenuen. D'nächst Joer gëtt et awer eng linear Hausse vun 1,95 Prozent fir d'ganz Pai vun de Staatsbeamten.

De finanziellen Impakt fir de Staatsbudget läit fir d’Joer 2023 bei ronn 50 Milliounen Euro a fir 2024 bei 80 Milliounen Euro. Déi ganz Masse salariale läit an deenen zwee Joer zesumme bei 3,5 bis 4 Milliarden Euro.

Den Accord ëmfaasst am Ganzen 11 Mesuren.