1 Blesséierten
Véier Autoen an Accident op der A1 virum Tunnel Houwald involvéiert

© Domingos Oliveira
En Donneschdeg de Mëtteg koum et op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz virun der Hesper Bréck zu engem Accident mat 4 Autoen.
Dat huet natierlech fir en zolitte Stau gesuergt. Och a Géigerichtung koum et zu Zéifloss, wéinst dem Virwëtz.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad, grad ewéi d'Ambulanz an och de Samu. Am CGDIS-Bulletin ass ze liesen, dass eng Persoun blesséiert gouf.

© Domingos Oliveira

© Domingos Oliveira
Trafic-Info
Am meeschte gelies