Déi Lénk gesi sech net als reng Oppositiounspartei, mä als "Ideengeber" fir déi grouss Parteien, do war ee sech um 20. Nationalkongress zu Bouneweg eens.

Déi grouss Parteien, besonnesch d'Regierungsparteien, sinn dann och net gutt ewechkomm, sief et am Beräich Klimaschutz, Steierreform, Logement oder Tripartite: Déi Gréng hätten hire programmatesche Kär verlooss, wéi si der Energiepräisdeckelung net widdersprach hätten. Iwwerhaapt wier och déi lescht Tripartite eng Tournée générale gewiescht, an dowéinst wieren elo keng Sue méi fir eng komplett Steierreform do.

Déi wier allerdéngs méiglech, esou d'Deputéiert Nathalie Oberweis. Dofir misst een awer de Spëtzesaz op 48-50 Prozent hiewen a Kapital méi besteieren. Elo réischt géif d'LSAP d'Steierdebatt erëmentdecke wéi all 5 Joer virun de Walen, ma d'Regierung hätt an deem Punkt versot.

Änlech desaströs de lénke Fazit zu der Logementspolitik: D'DP géif fuerderen, dass Investisseure renditesécher an de Logement investéiere kënnen an d'Loyersgesetz vum grénge Logementsminister misst "definitiv zu Fall kommen", esou d'Nathalie Oberweis.

Zënter Joren hätten déi Lénk virun der Wunnengskris gewarnt- Et bräicht een bis zu 30 Prozent abordabele Wunnraum bis 2023, andeems de Staat net realiséiert Projet'en opkeeft. Eng staatlech Baufirma géif iwwerdeems hëllefe, méi abordabele Logement ze bauen a gläichzäiteg de Chômage erofbréngen.

Net zefridden ass een och a punkto Klimaschutz: Duerch den Energiepräisdeckel aus der leschter Tripartite géif een eng nohalteg Energietransitioun verhënneren, déi Gréng géife vun hirem Kärprogramm ewechréckelen. Besser wier e gestaffelte Präisdeckel gewiescht, deen e gewëssene Grondverbrauch ofgedeckt hätt an duerno méi deier gi wier.

Den Ëmweltschutz hu sech déi Lénk och fir d'Gemengewalen op de Fändel geschriwwen, nieft enger méi demokratescher Gemeng mat méi Auslänner-Participatioun an enger méi sozialer Politik.

Och d'Vertrieder aus der Stater Gemengepolitik hunn net mat Kritik gespuert: D'Pirate wiere Schaumschléier, hätte kee preziist politescht Profil a wiere bereet mat jidderengem dat 5. Rad um Won ze sinn, an den Educatiounsminister wier de schlechtsten zanter dem 2. Weltkrich.

RTL

© RTL