D'Police war e Freideg den Owend zwee Mol op Asätz, bei deene Waffen am Spill waren.

D'Police mellt en Iwwerfall e Freideg den Owend um 20.30 Auer um Kierchbierg an der Stad. Dräi Jugendlecher haten zwee aner Jonker um Tramsarrêt bei de Foireshale mat engem Messer menacéiert an hunn den Affer dunn ënnert anerem Handyen a Kopfhörer ofgeholl. D'Täter sinn a Richtung Kino geflücht. D'Police huet ouni Succès no hinne gesicht. D'Enquête leeft.

Besëtzer vun illegale Waffen zu Esch gepëtzt

E Fall vun Illegalem Waffebesëtz dann e Freideg zu Esch. Owes gouf d'Police iwwer eng verdächteg Persoun informéiert, déi an der Rue Emile Mayrisch mat enger Loftpistoul op enger Bänk géif sëtzen.

Eng Patrull huet de Mann kontrolléiert an esou eng Pistoul an zwee illegal Messere séchergestallt. Se goufe beschlagnaamt an de Mann krut e Protokoll wéinst illegalem Waffebesëtz.