36 Joer alen Thomas Hoppenheit zanter dem 15. Mäerz vermësst

© Kripo Trier
Déi däitsch Police huet d'Vermësstemeldung fir den Tréierer e Freideg erausginn. D'Uni Lëtzebuerg huet sech an engem Post ugeschloss.
Wéi et an der Matdeelung vun der Police heescht, hätte Frënn a Famill fir d'lescht de 15. Mäerz Kontakt mat dem 36 Joer alen Thomas Hoppenheit gehat.
Eng Sich vun der Police wier bis ewell ouni Erfolleg bliwwen. aus deem Grond huet d'Kriminalpolizei elo mat enger ëffentlecher Fahndung d'Allgemengheet alertéiert.
An engem Post an de soziale Medien huet d'Uni Lëtzebuerg matgedeelt, dem Thomas Hoppenheit seng Famill, Frënn an och d'Uni selwer wieren "onheemlech besuergt". De 36 Joer ale Mann ass een Doctoral Researcher um Centre for Contemporary and Digital History vun der Uni Lëtzebuerg.
D'Police beschreift hien als tëscht 1,85 an 1,90 Meter grouss a kräfteg. Hien huet een donkelblonde Vollbaart an e Brëll un. De Vermëssten huet donkelblond Hoer, déi hie mat Gel no hanne kämmt.
All Informatiounen si fir d'Kripo Tréier ënnert der Nummer 0049 651/9779-2290.