Nei Aarbechtsplazen an der Industrie

Dëst an d’nächst Joer sollen dem Sondage vun der FEDIL no am Industrie- a Bausecteur knapp 400 nei Aarbechtsplaze geschaaft a ronn 370 Posten ersat ginn.
An der Industrie ginn an deenen nächsten zwee Joer knapp 800 Persounen agestallt. Ongeféier zur Hallschent Plazen, déi nei ze besetze sinn, well zum Beispill Leit an d'Pensioun ginn, an zur Hallschent awer och Plazen, déi nei geschaaft ginn.
Dat ass ee Resultat aus der 13. Enquête iwwert d'Qualifikatiounen, déi muer an der Industrie gebraucht ginn an déi d'FEDIL elo virgestallt huet. Eng Enquête déi weist, datt d'Ufuerderunge fir an deem Secteur ze schaffen am gaange sinn ze changéieren.
An der Industrie ass ganz vill digitaliséiert an automatiséiert ginn, explizéiert den Thierry Wolter, de Vize-President vun der FEDIL. Et géif opfalen, datt an Tëschenzäit däitlech méi Leit mat Unisdiplom am Secteur géifen agestallt ginn.
"Mir hunn ëmmer méi Leit, déi vun der Uni kommen. 20 Prozent, vun de Leit déi gesicht ginn, hunn e Master oder en Doktorat. Fréier war dat vill manner. Haut si vill méi Kompetenze gefuerdert."
Och bei der ADEM mierkt een datt duerch méi Technologie a méi komplizéiert Maschinnen ëmmer méi spezialiséiert Profiller gefrot sinn. Dat géif et och méi schwéier maachen, fir Kandidate fir déi eenzel Posten ze proposéieren.
Déi Leit, déi vum Aarbechtsamt kommen hunn entweder en DAP, en diplôme d'aptitude professionnelle, dee mat 44 Prozent nach ëmmer am meeschte gefrot ass oder, seet d'Ines Baer, se hu guer keng formell Ausbildung.
"Dat heescht eis ass et wichteg, datt mer kënne Formatiounen ubidden, déi kënnen e Astig an d'Industrie bidden ouni mussen den DAP ze maachen, wat dacks fir eis Kandidaten net direkt an d'Aen ze faassen ass."
Knapp 60 Entreprisen, déi zesummen iwwer 15.000 Leit beschäftegen, hunn dës Kéier bei der Enquête iwwert déi gefrote Qualifikatioune matgemaach. Dat ass mat net grad 25 Prozent, deen niddregsten Taux zënter der éischter Editioun 1998.
Méi wéi sécher, heescht et vun der FEDIL, hänkt deen Taux mat deem schwieregen ekonomeschen Ëmfeld zesummen.