Nëmmen nach d'Hallschent vun der Lëtzebuerger Populatioun ass gleeweg.

Just nach 24% mengen, datt Relioun eng wichteg Roll an der Societéit huet – dat gëtt an enger rezenter Etüd vum Statec däitlech.

An d'Tendenz geet just weider erof. Déi modern Societéit léisst just wéineg Plaz fir de Glawen – eng Zukunft ouni Relioun, ouns kathoulesch Kierch wier awer onwarscheinlech, heescht et beim Statec a vum Terrain.

Voll Massen awer sinn e Bild, dat een haut, besonnesch am ländleche Raum, éischter rar begéint. 2008 nach hunn 3/4 vun de Leit gesot, se géinge gleewen a reliéise Praktiken nogoen – 13 Joer méi spéit - 2021 louch ee bei 48 Prozent. "Et ass ganz kloer, datt mer eng Beweegung gesinn, déi sech Sécularisatioun nennt", erkläert de Statec-Direkter Serge Allegrezza. "Déi organiséiert Relioune sinn zeréckgaangen. Dat heescht, datt dozougehéieren zu enger Relioun ganz staark ofgeholl huet. A wann ee sech op europäeschem Niveau vergläicht, gesäit een, datt Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, wou Relioun déi mannste Wichtegkeet opweist."

Manner Relioun an Europa praktizéiert

Dat läit wuel drun, datt d'Chrëschtentum an der Kultur zu Lëtzebuerg souwisou méi déif verwuerzelt ass. Fir méi jonk Generatiounen ouni chrëschtlechen Hannergrond wier déi reliéis vill mat der kultureller Identitéit verbonnen. Am verglach mat Membere vu chrëschtleche Kulturen fält et muslimeschen oder hinduistesche méi liicht sech als reliéis ze identifizéieren.

De Prinzip, datt manner Relioun praktizéiert gëtt, ass uechter ganz Europa ze gesinn an dat zanter Joerzéngten. D'Koppele vun de Konzepter Moral a Relioun si längst net méi selbstverständlech.

Hei läit de Grand-Duché mat de skandinavesche Länner an Tschechien ganz wäit hannen am Ranking. 20 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg consideréiere sech offiziell als Atheist. 15 Prozent gleewen un e perséinleche Gott. De Serge Allegrezza gleeft awer net un en Enn vu Religiositéit: "Dat heescht awer net, datt d'Leit kee Besoin hätten u Religiositéit. D'Etüd weist, datt 40 Prozent vun der Populatioun un eppes Iwwernatierleches gleewen. Un eng Zort Gott. Et gëtt de Besoin, fir un eppes ze gleewen. Et wier also falsch ze soen, datt Gott dout ass."

Op EU-Niveau huet d'Relioun virun allem Wichtegkeet bei Persounen, déi manner ewéi 30.000 Euro am Joer verdéngen. Wat ee méi verdéngt, wat d'Wichtegkeet vun der Relioun am Alldag ofhëlt.

Sécularisatioun gëtt ëmmer méi séier

D'Trennung vu Kierch a Staat a Covid-19 hätte weider Vitess an de Prozess vun der Sécularisatioun erabruecht, bedauert de Patrick Muller, Generalvikar beim Bistum. Et wier ee sech bewosst, datt d'Zuel u Gleewegen déi nächst Jore weider schrumpfe wäert. Eng Rei Kierche wäerten abandonéiert ginn. "Well einfach kee Liewe méi dran ass. Mir hunn dat scho mat verschiddene Gebaier gemaach. Mir hu 500 Kierchegebaier am Land, dat aus enger Zäit, wou dat noutwenneg war. Mee haut musse mer déi ouni Leit brüskéieren a mat de Leit um Terrain schwätzen."

Gläichzäiteg gëtt d'Relioun an de Glawen ëmmer méi individuell gestalt. Eng Persoun mécht zum Beispill Yoga an intresséiert sech gläichzäiteg fir Sufismus.

Kierch ass keen automatesche Liewensbegleeder méi

Dës Verännerunge beaflossen och déi chrëschtlech Kierch. War et bei de Grousseltere vun haut üblech, Deel vun enger Kierch ze sinn, muss ee sech haut dacks dofir erklären. Mënsche musse sech méi bewosst entscheeden, fir dozouzegehéieren. D'Kierch ass keen automatesche Liewensbegleeder méi. D'Virstellung an d'Praktizéiere vu Religiositéit hu sech verännert. An do misst ee sech adaptéieren, esou de Generalvikar: "Ech sinn net pessimistesch. Ech sinn optimistesch. Ech denken do un eise Bëschof, deen 2011 an d'Land komm ass an deen 20 Joer a Japan gelieft huet. Wou eng Minoritéit vu Chrëschte lieft. Deen awer gesinn huet, datt de Glawe wuesse kann an d'Kierch de Leit vill am Liewe ka ginn."

D'Zill misst sinn, nees méi no bei de Mënschen ze sinn. Grouss Schrëtt bleiwen hei awer nach ze maachen.