Kanner a Jugendlecher an Trauer begleeden
Jiddereen ass a sengem Liewe fréier oder spéider mam Doud konfrontéiert.
Wann een eng Persoun aus sengem Familljen- oder Frëndeskrees verléiert, dominéiert meeschtens d’Gefill vun Trauer. Och Kanner a Jugendlecher traueren, wann och dacks anescht wéi Erwuessener. Et wier wichteg, hinnen an hirer Trauerphas zur Säit ze stoen.
Kanner wieren dacks méi spontan a vill méi faarweg an hirer Trauer, erkläert d’Simone Thill-Claus vun der Trauerwee asbl. Fir Elteren wier dat net ëmmer einfach ze verstoen a fir domadder ëmzegoen.
"Trauer huet an eiser Gesellschaft vläicht net déi Plaz, déi se misst hunn, an et weess een net richteg, wéi ee soll mat trauernde Leit ëmgoen. Wann dat da Kanner a Jugendlecher sinn, dann ass dat nach e bësse méi schwiereg. Aus der Angscht eraus, iergendeppes falsch ze maaachen oder Falsches ze soen, gëtt dann dacks guer näischt gemaach an et ass do, wou mer e bësse versichen, och den Tabu erauszehuelen."
Vill Kanner wéilten iwwer Doud an Trauer schwätzen an och méi driwwer gewuer ginn, seet d’Danielle Thurmes. Si ass Léierin a Presidentin vun der Kannerkommissioun an der Gemeng Käl. Fir vill Erwuessener wier et onangeneem, dat ze thematiséieren, mee wann ee bis géif mat Jonken driwwer diskutéieren, géif ee mierken, dass déi dat als ganz natierlech empfannen.
"Kanner a Jugendlecher an Trauer: Wéi kënne mir hinnen als Erwuessener eng Ënnerstëtzung sinn?" Esou ass dann och eng Table ronde en Donneschdeg, den 30. Mäerz, zu Téiteng iwwerschriwwen. Lass geet et um 19.30 Auer an der Schongfabrick.
