Policeschülerin un der Hand blesséiert

En Dënschdeg de Mëtteg war et an der Policeschoul um Verluerekascht zu engem Tëschefall komm.
Wéi de Parquet an engem Schreiwes matdeelt, wier eng Policeschülerin bei enger taktescher Übung vun engem Projektil un der Hand blesséiert ginn.
De Parquet huet d'Generalinspektioun vun der Police mat der Enquête beoptraagt, fir déi genee Ëmstänn vum Tëschefall opzeklären.
D'Schreiwes vum Parquet:
Communiqué du parquet de Luxembourg dans le cadre d’un incident à l’école de police à Luxembourg-Verlorenkost
(28.03.2023)
Un incident s’est produit cet après-midi lors d’une séance d’entrainement tactique à l’école de police à Luxembourg-Verlorenkost lors duquel une fonctionnaire de police stagiaire a été blessée à la main par un projectile.
Le parquet de Luxembourg a chargé l’inspection générale de la police (IGP) d’une enquête judiciaire pour éclaircir les circonstances exactes des évènements.