D'Police huet zwee Fäll vu Kierperverletzung e Méindeg de Mëtteg gemellt. D'Täter vun den Doten an der Stad an zu Ettelbréck goufe vun de Beamte gepëtzt.

E Méindeg de Mëtteg wier eng Persoun op der Lonkecher Strooss an der Stad an engem Bus vu véier Leit verletzt a beklaut ginn. D'Policebeamte konnten doropshin dräi jonk Verdächteger pëtzen. Zwee vun hinne ware mannerjäreg a koumen op Uerder vum Parquet op Dräibuer an de Centre Socio-educatif. De Volljäregen huet Rendez-vous mam Untersuchungsriichter.Géint e véierte présuméierten Täter géing nach enquêtéiert ginn. Zu Ettelbréck op der Gare huet e Méindeg e Mann enger Bekannter mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen. Béid hate vill gedronk, sou d’Police. De gewalttätege Mann koum an d’Ausniichterungszell. Well en och e Messer a Kokain dobäi hat, gouf et entspriechend Protokoller.