Een dreckegen DossierZu Aasselscheier kämpft eng Fra ëm hir Poubellen

Marc Hoscheid
An der Gemeng Luerenzweiler gëtt eng Awunnerin beim Asammele vum Dreck wéinst dem schlechten Zoustand vun der Strooss lénks leie gelooss.
© Marc Hoscheid

Et ass guer net sou einfach d’Haus vun der betraffener Fra, enger hollännescher Expat, déi net wëllt, datt hiren Numm genannt gëtt, mat der Adress 20, Rue de Blaschette zu Aasselscheier an der Gemeng Luerenzweiler ze fannen. Wann een d’Adress bei Google agëtt, kritt ee vu Google Maps nämlech een Haus zu Luerenzweiler selwer ugewisen, dat och effektiv d’Nummer 20 huet an an der Rue de Blaschette läit. Ma et gëtt awer nach een zweet Haus mat där Adresse, dat zimmlech ofgeleeën un engem Feldwee tëscht den Uertschaften Aasselscheier an Amber läit.

© Marc Hoscheid

Zanter Oktober 2021 wunnt d’Fra mat hirer Famill hei. An zanter Januar 2022 ass si mat der Gemeng Luerenzweiler am Clinch, dat well hir Poubellen net eidel gemaach géinge ginn. De Probleem ass, datt déi Strooss, oder éischter de Feldwee, un deem d’Haus läit an engem zimmlech schlechten Zoustand ass. En plus gëtt et fir Camione keng wierklech Méiglechkeet fir d’Kéier ze maachen, sou datt se entweeder déi ronn 200 Meter zeréck op den CR124 hannerzeg oder riichtaus bis op Amber weiderfuere missten. D’Gemeng hat proposéiert, datt d’Fra hir Poubellen op een Terrain nieft den CR124 stelle kéint a se dann do eidel gemaach ginn. Dat huet si eegenen Aussoen no ufanks och gemaach, mee och deemools wieren hir Poubellen dacks lénks leie gelooss ginn. Dat am wuertwiertleche Sënn, well deelweis hätten Déieren d’Backen ëmgeworf an den Dreck um Wee an an de Wise verstreet. Doropshi wier si opgefuerdert ginn, den Dreck opzerafen. Och hätte Leit, déi laanschtgetrëppelt sinn, einfach hiren Dreck an d’Poubelle geworf.

Ma et géif net just Probleemer mam Dreck, och d’Post kéim dacks net un.

© Marc Hoscheid

En plus wier hiert Haus net un d’Kanalisatioun ugeschloss, dofir ass eng Fosse septique beim Haus. Fir dës eidel ze maachen, ass de Gemengesyndikat SIDERO responsabel. Vun dësem hätt si eng Rechnung geschéckt kritt, obwuel hir Fosse septique net eidel gemaach gi wier. Vum SIDERO heescht et op Nofro hin, et hätt een ee Mol am Joer eng Campagne d’entretien an de Membergemenge gemaach, fir d’Fosse septiquen eidel ze maachen. Dat wier 2022 am Juni gewiescht an och op der Adress 20, Rue de Blaschette.

D’Fra fuerdert, datt d’Gemeng de Wee bis op d’Héicht vun hirem Haus an d’Rei mécht an hir Poubellen och virun hirer Dier eidel gemaach ginn. Well dat zanter méi wéi engem Joer net méi geschitt wier, refuséiert si déi entspriechend Tax ze bezuele genee wéi d’Rechnung vum SIDERO. Si hätt der Gemeng och scho méi wéi eng Kéier proposéiert, d’Poubelle rëm sichen ze kommen.

Biergerinitiativ wiert sech géint Ausbau vum Wee

D’Gemeng confirméiert, datt sech d’Servicer scho méi laang mat der Madamm hire Probleemer beschäftege géingen. Et hätt een hir effektiv proposéiert, datt se hir Poubellë bei d’Strooss op ee Gemengenterrain stelle kéint. Dat hätten déi viregt Proprietäre vum Haus och gemaach. Déi hätten och hir Boîte do opgehaangen. Datt d’Haus vun der Fra iwwerhaapt am Bauperimeter läit, wier wuel op ee Mëssel am Ëmweltministère zeréckzeféieren, well eigentlech wieren all déi fréier Iloten bis op d’Haus vun der betraffener Fra an ee weidert Gebai all aus dem Perimeter erausgeholl ginn. De Wee, dee bei d’Haus féiert, géing an der Gréngzon leien, dowéinst wier et net méiglech en ze asphaltéieren, dat géing den Ëmweltministère net autoriséieren. Derbäi kënnt, datt sech anscheinend eng Biergerinitiativ vun Amber, dat zur Gemeng Jonglënster gehéiert, scho bei der Gemeng Luerenzweiler gemellt a géint een Ausbau vum Wee ausgeschwat huet. D’Membere vun der Initiativ, déi am Fong gegrënnt gouf, fir sech géint de Verlaf vun enger Stroumleitung ze wieren, fäerten, datt da méi Leit de Wee als Ofkierzung notze kéinten.

An engem rezente Bréif vun der Buergermeeschtesch Marguy Kirsch-Hirtt un d’Fra, deen RTL virläit, deelt d’Gemengemamm mat, datt een decidéiert hätt, de Wee sou séier wéi méiglech auszebesseren. Dat allerdéngs mat “Concassé” an ouni eng Fuerschicht. Am Schreiwes geet si och op d’Probleemer mat de Poubellen an der Fosse septique an. Fir de Vidange vun de Poubellë wier den interkommunale Syndikat SIDEC zoustänneg. De Service technique vun der Gemeng hätt beim SIDEC intervenéiert an et hätt ee festgestallt, datt d’Poubellë virum Haus vun der Fra eidel gemaach goufen. A well eben och de SIDERO confirméiert, datt d’Fosse septique rezent eidel gemaach gi wier. Dowéinst géing si d’Fra och bieden, hir onbezuelt Rechnungen ze begläichen.

An enger schrëftlecher Äntwert un d’Buergermeeschtesch weist sech déi betraffe Fra frou, datt d’Gemeng de Wee flécke wëllt. Si ass awer der Meenung, datt en net an enger Gréngzon, mee an enger Zone agriculture leie géing. De Probleem mat de Poubellë wier iwwerdeems nach net geléist. Zwar wieren déi gro an déi blo Poubellen effektiv eidel gemaach ginn, mee weder wier déi gréng Poubelle de 24. Mäerz eidel gemaach, nach d’Valorlux-Tut den 31. Mäerz agesammelt ginn. Bei engem Besuch bei der Fra den 31. Mäerz war och ze gesinn, datt dat effektiv net de Fall war. Woubäi ze betounen ass, datt déi blo Tuten net vum SIDEC, mee vun der Valorlux selwer entsuergt ginn.

© Marc Hoscheid
© Marc Hoscheid

Wéi si de 16. Mäerz de Chauffeur vum Dreckscamion gefrot hätt, ob hir Poubellen dann an Zukunft ëmmer eidel gemaach géinge ginn, hätt dëse geäntwert, dat géing dervun ofhänken, wie schafft. Fir d’Fra ass dat keng akzeptabel Situatioun, si kritiséiert, datt d’Buergermeeschtesch sech einfach mat der Äntwert vum SIDEC zefridde gëtt. Ma och aus der Gemeng sinn duerchaus kritesch Téin ze héieren. Et wier een net wierklech zefridde mam Choix vun der Firma duerch de SIDEC. Och op anere Plazen, déi net sou ofgeleeë leien, géingen Awunner sech beschwéieren, datt hiren Dreck net matgeholl gëtt.

Kee Vidange tëscht Mee 2022 a Februar 2023

D’Direktesch vum SIDEC, d’Peggy Zeimes, erkläert, datt an der Gemeng Luerenzweiler d’Entreprise Lamesch zoustänneg ass. An der Soumissioun wier kloer gereegelt, datt wann eng Poubelle vergiess gouf, dës spéitstens 48 Stonne méi spéit nogeholl misst ginn. Well d’Poubellen een Chip hunn, ka verfollegt ginn, wéini se wou eidel gemaach goufen. Dem Peggy Zeimes no war dat 2022 vu Januar bis Abrëll inclus bei der groer Poubelle fënnef Mol de Fall, dat nieft der Haaptstrooss. Nom Abrëll wier fir de Rescht vum leschte Joer kee Vidange méi opgezeechent ginn. Dëst Joer wier d’Poubelle eng Kéier am Februar beim Haus eidel gemaach ginn. D’Peggy Zeimet weist sech liicht iwwerrascht, datt sou laang keng Poubellen eidel gemaach goufen a freet sech, ob se dann och rausgestallt goufen.

Bei allen Ongewëssheeten an deem Dossier schéngt kloer, datt nach ee gewësse Gespréichsbedarf besteet an d’Poubellen op der Adress 20, Rue de Blaschette net systematesch eidel gemaach ginn. Et bleift deemno ofzewaarden, ob déi Gemengeresponsabel vu Luerenzweiler nach eng Kéier beim SIDEC intervenéieren.

Reaktioun vum Ëmweltministère

Den Ëmweltministère reagéiert op verschidden Aussoen respektiv Vermuddungen, déi am Artikel virkommen. Datt sech d’Haus vun der Fra respektiv de fréieren Ilot am Bauperimeter läit, wier net op ee Mëssel am Ministère zeréckzeféieren. D’Gebai wier net an der “Refonte” vum PAG nei klasséiert ginn, mee wier scho länger esou am PAG klasséiert. Den Ëmweltministère kéint just bei neien Extensiounen, also neien Ausweisunge vu Bauland, refuséieren oder approuvéieren. Bei der “Refonte” vum PAG hätt een also just ee Status quo kënne feststellen.

Et wier och net ganz richteg, datt de Ministère en Asphaltéieren vum Wee net autoriséiere géing. Op ee Wee an enger Gréngzone asphaltéiert dierf ginn, géing vun der Lag, der Situatioun an der Notzung vum Wee ofhänken. Et géif allerdéngs och d’Méiglechkeet ginn, datt festgehale gëtt, datt ee Wee aus natierlechem Material bestoe muss. Et kéinten och stabil Weeër ouni Asphalt realiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO