D'Schoulvakanz huet ugefaangen a fir vill Leit heescht dat séier d'Wallis paken a fort.

Eleng mat der Luxair fléien an deenen nächsten zwou Wochen iwwer 100.000 Passagéier an d'Vakanz. Dat si schonn 10 Prozent méi wéi Ouschteren zejoert, allerdéngs nach ëmmer manner Clientë wéi virun der Pandemie.

Reesdestinatiounen iwwer Ouschteren / Rep. Dany Rasqué

Mä d'Leit reesen erëm. An deenen nächste 14 Deeg si virun allem déi klassesch Destinatiounen aus dem Luxair Katalog gefrot. Palma, Porto, Malaga, Nice a Faro sinn iwwer Ouschteren am meeschte gebucht ginn an da sinn d'Leit och gespaant op nei Destinatiounen.

Do zielt den Daniel Colling vu LuxairTours Izmir, Marrakesh, Pescara an Agadir op, mä dat sinn se nach laang net all.

"Den Ament si mer op 63 Destinatiounen, déi mer elo iwwer Ouschteren ufléien. Dat geet erop bis op 92 Destinatiounen am Summer. Do kommen nach all déi griichesch Inselen a vill aner Summer-Destinatiounen dobäi. Eng nei ass zum Beispill nach Chania."

450 Crewmemberen, dorënner eng 200 Piloten an 21 Fligere plus zwou geleaste Maschinne sinn am Asaz, fir d'Leit an d'Vakanz ze bréngen. Fir d'Summersaison gi weider Boeinge geleast. Op déi nei Fligeren, déi d'Luxair keeft, gëtt nach gewaart.

"Mir sinn am gaangen an d'Zukunft vun der Luxair z'investéieren", ënnersträicht hire Generaldirekter Gilles Feith, dee wëlles huet d'Clienten och an Zukunft mat neien Destinatiounen z'iwwerraschen.

"Mir sinn am gaangen ze kucken, weider an de Senegal z'investéieren. Mir sinn nach ëmmer am gaangen ze kucken, fir an Israel ze fléien. Mir sinn am gaangen no d'Destinatiounen ze kucken, déi méi wäit ewech sinn an déi mer mat deenen neie Maschinne kënnen ufléien. Do denke mer zum Beispill u Jordanien, Oman an nach vläicht weider Destinatiounen a Griicheland. Do si ganz vill Saachen, déi nach wäerte kommen."

Dat ass awer nach net fir dës Vakanz.

Mam Schëff a Richtung Norden

Amplaz vum Fliger kann een natierlech och d'Schëff huelen.

Leit, déi elo iwwer Ouschteren eng Croisière maachen, maachen am Léifsten en Tour an den Norden.

D'Norwegesch Fijorde sinn zum Beispill ganz vill gefrot, seet den David Lentz vun ULT Cruises, wou een sech och freet, datt d'Aussiichten erëm besser sinn. Et wier een zwar nach net grad um Niveau vun 2019, mä et léich een awer scho bei 80 bis 90 Prozent.

D'Industrie, ënnersträicht den David Lentz, huet déi lescht Jore genotzt, fir méi nohalteg ze ginn. Zum Beispill mat Schëffer, déi mat Elektromotoren oder mat Flësseggas fueren.