Fir méi BedeelegungKanner vu Wolz klären iwwer Auslännerwalrecht op

Fanny Kinsch
Pit Everling
Fir méi Net-Lëtzebuerger Bierger iwwert hiert Walrecht opzeklären, hunn zwou Klassen aus dem Cylce 4.1 Interviewe gefouert a Pousteren drécke gelooss.
Kanner vu Wolz klären iwwer Auslännerwalrecht op
Fir méi Net-Lëtzebuerger Bierger iwwert hiert Walrecht opzeklären, hunn zwou Klassen aus dem Cylce 4.1 Interviewe gefouert a Pousteren drécke gelooss.

Nach bis de 17. Abrëll ass et méiglech, sech als Net-Lëtzebuerger anzeschreiwen, fir bei de Gemengewale seng Stëmm ofzeginn. Bis Enn Mäerz hate sech grad mol 16 Prozent vun den Auslänner ageschriwwen. Fir méi Bierger iwwert hir Rechter opzeklären, hunn zwou Klassen aus dem Cycle 4.1, dem fënnefte Schouljoer, aus der Reenert-Schoul zu Wolz eng Campagne an d’Liewe geruff.

D’Schüler hunn e Radio-Interview vun enger hallwer Stonn mat 3 Experte gefouert, dee si selwer preparéiert hunn. Donieft goufe Poustere gemaach, op deenen ee mat engem QR-Code direkt op de Site kënnt, fir sech fir d’Walen anzeschreiwen. Knapp 5.000 Plakater op 12 verschiddene Sproochen goufe gedréckt an uechter Wolz an och op anere Plazen am Éislek opgehaangen. Fir d’Fotoen hunn Enseignanten, Kanner an Eltere poséiert.

D’Pousteren an d’Interviewe vun de Schüler aus der Reenert-Schoul zu Wolz sinn och online ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO