Den US-President Donald Trump huet e Méindeg ugekënnegt, d’USA kéinte “Kuba iwwerhuelen”. D’Karibikinsel stécht no engem landeswäite Stroumausfall, dee mat enger US-Ueleg-Blockad zesummenhänkt, weider an enger schwéierer Kris.
No bal siwe Joerzéngten, an deenen d’kubanesch Regierung dem Drock vun den USA widderstanen huet, stinn d’kommunistesch Autoritéiten zu Havanna elo ënner groussem Drock vun der Trump-Regierung, déi drop aus ass, Geschicht ze schreiwen.
“Ech gleewen, ech wäert d’Éier hunn, Kuba ze huelen”, sou den Trump vis-à-vis vu Journalisten am Wäissen Haus e Méindeg. “Egal ob ech et befreien oder huelen – ech mengen, ech kéint domat maachen, wat ech wëll, wann Dir d’Wourecht wëllt wëssen. Et ass am Moment eng ganz geschwächten Natioun.”
Dës Aussoe gehéieren zu de kloerste Menacen, déi den Trump bis elo géint Kuba gemaach huet a si kommen zu engem Zäitpunkt, wou d’Insel mat ronn 9,6 Milliounen Awunner erëm mat engem grousse Stroumausfall konfrontéiert ass.
De Blackout ass op e “komplette Stëllstand vum nationale Stroumnetz” zeréckzeféieren, sou lokal Autoritéiten. D’Aarbechten, fir d’Stroumversuergung erëm hierzestellen, hätten iwwerdeems ugefaangen.
D’Stroumproduktioun op Kuba ass vereelzt an a schlechtem Zoustand – an Deeler vum Land sinn deeglech Stroumausfäll vu bis zu 20 Stonnen normal.
Zanter der Entféierung vum venezuelanesche President Nicolás Maduro den 3. Januar ass d’Wirtschaft op der Insel weider ënner Drock geroden, well d’USA eng Ueleg-Blockad bäibehalen.
Zanter dem 9. Januar ass keen Ueleg méi op d’Insel importéiert ginn, wat de Stroumsecteur schwéier trëfft an och dozou féiert, datt Fluchgesellschaften hir Flich reduzéieren – e weidere Schlag fir den Tourismus.
Fir de wirtschaftlechen Drock ze reduzéieren an den US-Fuerderungen entgéintzekommen, huet en héije kubanesche Wirtschaftsvertrieder e Méindeg ugekënnegt, datt Exil-Kubaner elo dierfen an Entreprisen investéieren an dës besëtzen.
D’New York Times huet gemellt, datt Vertrieder vun der Trump-Regierung ugedeit hätten, d’USA géifen drop drängen, datt de President Miguel Díaz-Canel ofgesat gëtt.
D’Stroumausfäll an d’Knappheet u Liewensmëttel, Medikamenter an anere Produite féieren zu wuessender Onzefriddenheet an der Bevëlkerung. Bei engem rare gewalttätege Virfall hunn Demonstranten de leschte Weekend e Büro vun der Kommunistescher Partei beschiedegt.
Dëst gehéiert zu enger neier Form vu Protester, bei deenen d’Leit owes mat Dëppen a Pane klappen a “Libertad” – also “Fräiheet” – ruffen. Nom Ugrëff op de Parteibüro zu Morón, enger Stad mat ronn 70.000 Awunner ëstlech vun Havanna, goufe 14 Persoune festgeholl, esou lokal Autoritéiten.
De President Díaz-Canel huet op X d’Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung unerkannt, awer gewarnt, datt Gewalt ni “akzeptabel” wier. D’Regierung huet iwwerdeems wéinst dem Ueleg-Maktem och de Verkaf vu Bensinn rationéiert an e puer Spidolsservicer limitéiert.
Den Díaz-Canel huet och confirméiert, datt Gespréicher mat den USA gefouert goufen.
Den Trump behaapt, d’Ueleg-Blockad wier eng Reaktioun op eng “aussergewéinlech Menace”, déi vu Kuba fir d’USA ausgeet. “Ech mengen, mir wäerten zimmlech séier entweder en Accord fannen oder dat maachen, wat mir maache mussen”, sou nach den Trump u Bord vun der Air Force One.