No laangen Diskussioune sollen elo endlech Neel mat Käpp gemaach an ee Rond-point amenagéiert ginn. Op de Google-Datenzenter waart een iwwerdeems net méi.

Den 22. November 2019 gouf den Avant-projet détaillé, fir d'N7 um Rouscht op enger Längt vun 2 Kilometer ze reamenagéieren, vum Mobilitéitsminister François Bausch geneemegt. Zanterhier huet sech awer nach net ganz vill, fir net ze soe guer näischt, gedoen. Dat louch och dorun, datt d'Gespenst vun engem Google-Datenzenter duerch d'Gemeng Biissen gegeeschtert ass. Well net ganz kloer war, wéi d'Versuergungsleitunge vum Datenzenter verlafe sollten, gouf de Rond-point net gebaut, well een d'Strooss méi spéit net nach eng Kéier oprappe wollt.

Déi Biissener CSV-Sektioun hat Ufank November d'lescht Joer via RTL dowéinst ee Provisorium an d'Spill bruecht, fir déi deels geféierlech Situatioun zäitno ze entschäerfen. De François Bausch hat doropshin op der Télé entgéint, datt seng Servicer d'Méiglechkeet vun engem Provisorium préiwe géingen. Mëtt Mäerz war et dunn d'Annonce vum Premier Xavier Bettel no enger USA-Visitt, datt de Projet zu Biissen keng Prioritéit méi fir Google hätt. Datt hien déi Informatioun aus der Press gewuer gouf, koum beim Buergermeeschter vu Biissen, dem David Viaggi vun der Biergerlëscht Är Leit, genee wéi d'Diskussioun ëm ee Provisorium, net gutt un.

Den 30. Mäerz haten déi Gemengeresponsabel dowéinst ee Rendez-vous mam Mobilitéitsminister an hunn him d'Drénglechkeet vun enger Entschäerfung vun der Kräizung erkläert. Och wéinst zousätzleche Betriber, déi sech um Rouscht néiergelooss hunn, wier d'Verkéiersopkommes an de leschte Méint nach eng Kéier gewuess. Op Nofro hin huet den David Viaggi erkläert, de François Bausch hätt zougesot, sou séier wéi méiglech aktiv ze ginn. Et wier dann och net méi vun engem Provisorium rieds gaangen an et wier och kloer gesot ginn, datt een net méi op Google waarde géing.

Fir déi benéidegt Emprise wieren deels scho virun e puer Joer Kontrakter ënnerschriwwe ginn. Wat déi aner Terrainen ugeet, hätt een an deene nächsten zwou Woche Rendez-vouse fir Kontrakter ofzeschléissen. Wann ee bis all d'Emprise beieneen hätt, kéint een an d'Soumissioun goen. Am Kader vun der Ëmgestaltung vun der N7 sollen op der zwee Kilometer laanger Streck am Ganzen dräi Kreesverkéier gebaut ginn. Een op Héicht vum Creos-Wierk, wou et an d'Industriezon "Am Séif" geet, een op der Kräizung, wou et op Biissen a Kruuchte geet a ronn een hallwe Kilometer méi wäit nërdlech een drëtten, deen am Fong ënnert anerem och bei den Datenzenter féiere sollt.