
Philippe Meyers, LSAP-Schäffen aus der Dippecher Gemeng, heescht den neie Mann un der Spëtzt vum Syndicat Intercommunal de Gestion informatique, kuerz Sigi. Hie war deen eenzegen, dee sech zur Wal gestallt hat, a gouf mat 39 vun 52 Stëmme bei 8 Enthalunge gewielt. Et wéilt een eng Art Task Force grënnen, aus Gemengeninformatiker a Clientsvertrieder, huet dësen annoncéiert - eng Comission Microinformatique. Am Audit hätt ee genuch Usazpunkte kritt, wéi de Fonctionnement vum Sigi kéint verbessert ginn.
Vun engem Neiufank wollten eng Partie vun de gutt 50 Memberen am Sall awer nach näischt héieren. De Vizepresident a Schäffe vu Pëtschent, den Nico Jacobs, misst och seng Responsabilitéit an der ganzer Affär ëm d’Finanz- a Personalgestioun vum Sigi huelen, an zrécktrieden. Den Audit hätt kloer seng Verstréckung gewisen. “Ech konstatéieren awer, dass näischt geschitt ass. An ech maachen net, wéi wann näischt geschitt wier”, sou den Angelo Lourenço, LSAP-Conseiller an der Gemeng Réiserbann. Ee vun de Memberen huet e Vott gefuerdert, deen iwwert dem Nico Jacobs säi Schicksal als Vizepresident soll entscheeden.
Net jiddereen am Sall war awer der selwechter Meenung. Et wier elo virun de Walen “e kapitale Feeler, dem Sigi de Kapp ofzeschloen”, sou eng vun de Wuertmeldungen. Et soll een elo de sougenannte “Bureau” seng Aarbecht maache loossen, an dat Wëssen notzen, wat en aus den Auditten huet. “Mer kommen aus deem Misär net méi eraus, mer maachen eis lächerlech”, huet d’Liane Felten, CSV-Conseillère vu Gréiwemaacher fonnt.
Och den Nico Jacobs huet nach eng Kéier Positioun geholl. An erkläert, dass seng Responsabilitéit net méi grouss gewiescht wier, wei deenen aneren hier. Hie wier ëmmer frei moies um Büro gewiescht. “Wien als éischt um Büro ass, hëlt d’Dossieren an ënnerschreift se. Doduerch hunn ech net méi Verantwortung wéi en aneren”, sou de Vizepresident. D’Konsequenz wier, dass hien all déi Dossieren ënnerschriwwen hätt.
Den nei gewielte President ass iergendwann an d’Diskussioun intervenéiert: “E Vott ass en demokratesche Prozess, an hëlleft an déi zwou Richtungen. Wichteg ass, dass mer haut Kloerheet schafen.” Et ass e Vott geholl ginn, fir iwwer e Vott ofzestëmmen. Beim Vott dono ass dem Vizepresident Nico Jacobs d’Vertraue mat 23 Stëmme vun 52 bei 9 Enthalungen entzunn ginn. De Vizepresident huet de Sall verlooss.
An domat war och d’Sëtzung schonn esou gutt wéi eriwwer. Kengem vun de sechs Membere vum Bureau, déi nach do waren, war et méiglech Explikatiounen zu de Punkte vum Ordre du Jour ze ginn. Bei enger nächster Sëtzung an zwou Woche wëllt een Explikatioune ginn.
Als Rappell: Iwwer Joren, ugefaangen 2013, war iwwer Mëssstänn am gréisste Gemenge-Syndikat vum Land, dem Sigi, ze héieren. En rezenten Artikel vu Reporter.lu hat awer de Steen an d’Rulle bruecht, an zu dräi externen Auditte gefouert. Et goufen Ongereimtheete bei der Finanz- a Personalgestioun festgestallt. Och d’Clienten, also gréisstendeels d’Gemengen, waren net zefridde mam Service. De President vum Sigi, den CSV Buergermeeschter vun Iechternach, den Yves Wengler, huet ofgestridden, eppes vun de Problemer gewosst ze hunn. Den 21. Mäerz dëst Joer hat hien awer demissionéiert. No iwwer 20 Joer op sengem Posten.