En neie Batailloun, Space a Cyber sinn d’Stéchwierder
Den Defenseminister François Bausch huet en Donneschdeg d’Strategie presentéiert, wéi déi Lëtzebuerger Arméi sech wëll bis 2035 opstellen.
Bei der presentéierter Strategie géing et sech ëm konkret Projeten handelen oder esouguer där, déi grad geplangt ginn, sot den Defenseminister François Bausch op der Pressekonferenz. Eng wichteg Ännerung bei den neie Richtlinnen wier, dass am Virfeld Strategië fir eenzel Beräicher entwéckelt gi wieren. Dorop géingen elo Kapazitéiten opgebaut. E falscht Virgoen hätt et an der leschter Legislaturperiod ginn. Do hätt een de LuxGov-Satellit an d’Luucht geschoss, ier eng Space-Strategie entwéckelt war.
Net just d’Risiken a Menacë wieren an de leschte Jore méi komplex ginn. Se hätte sech och verännert. Propaganda géing an der Krichsféierung dacks eng ganz nei Roll spillen. Zum Beispill géing Russland duerch hybrid Attacke géint d’Institutiounen an d’Regierung probéiere Moldawien ze destabiliséieren. E weideren, méi neie Beräich wier déi kënstlech Intelligenz, wou ee misst kucken, wéi eng Reegelen a rout Linnen ee sech am militäresche Beräich géing ginn.
Als Lëtzebuerger Arméi wéilt ee sech zwar seng Autonomie halen, an awer ass de Minister fir dat sougenannte «Pooling and sharing». Dëst bedeit, dass ee sech a bestëmmte Beräicher d’Käschten an d’Material deelt. Dëst géing Lëtzebuerg méi effikass maachen an ënnert dem Stréch manner kaschten, sou de Minister.

© René Pfeiffer / RTL
Eent vun de weideren Ziler, op déi een hischafft, ass eng feminisatioun vun der Defense, seet de François Bausch. Eng Analys, déi bei der Uno gemaach gouf, géing weisen, dass souwuel generell an der Defense, wéi och am operationelle Beräich Fraen en aner Bléckwénkel op d’Defense hätten.
D’Sécherheetslag op der Welt wier an de leschte Jore méi schlecht ginn. Dozou bäi dréit de Krich an der Ukrain an d’Onsécherheet an der Sahelzone, fir just zwee Beispiller ze nennen. D’NATO reagéiert an huet sech eng nei Strategie ginn. Dëst bedeit och nei Virgabe fir Lëtzebuerg, wéi d’Opstelle vun engem belgo-lëtzebuergesche Batailloun.
Doriwwer eraus sollen d’Depensë fir d’Defense iwwer déi nächst Joer an d’Luucht geschrauft ginn. Bis 2028 wëllt een ëm 1 Prozent vum PIB leien. Zu den 2 Prozent vum PIB, déi d’NATO fuerdert, seet de Minister, dass Lëtzebuerg net d’Kapazitéiten hätt, fir dëst ze realiséieren. Dat virum Hannergrond vum héije PIB vum Land.
De Kär vun den Transformatiounen an der Defense géing op véier Elementer opbauen, sou de Minister. Dat éischt wier de Batailloun, dann den Space an de Cyber. Mee dat wat een awer géing brauchen, dass déi éischt dräi Saache géinge funktionéieren, wier en neit Kadergesetz. Fir dëst an der Chamber kënnen ze stëmmen, géing een awer schonn zanter bal 2 Joer op en Avis vum Staatsrot waarden. De Minister hofft, dass dësen Text nach kann dës Legislaturperiod gestëmmt ginn.

© René Pfeiffer / RTL