En Donneschdeg den Owend géint 18.30 goufen d'Rettungsekippe vum CGDIS op en Asaz op der A3 geruff.

Méi prezis tëschent Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz. E Motocyclist an en Autosfuerer waren hei matenee kollidéiert, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Am Asaz waren zwou Stater Ambulanzen, sou wéi och d'Secouriste vu Beetebuerg an Diddeleng.