Mat deem Slogan geet d'Kommunistesch Partei an d'Gemengewalen.

D'KPL trëtt den 11. Juni an 3 Gemengen un: Esch/Uelzecht, Déifferdeng a Rëmeleng.

"D'Gemeng gehéiert all hiren Awunner" / Reportage Dany Rasqué

D'Kommunistesch Partei géif keng onrealistesch Fuerderunge stellen, ma wéilt hire Bäitrag zu wichtege Problemer vun de Mënschen an de Gemenge leeschten.

Et misst een, ënner anerem der Jugend Liewenswäert Perspektive ginn.

Ugefaange mat sozial gerechte Schoulen, mat genuch qualifizéierte Schoulmeeschter a klenge Klassen. Betriber missten der Gréisst no obligéiert ginn, Léierbouwen a -Meedercher auszebilden. Ënnerstrach gouf, wéi wichteg Kultur a Sport an der Fräizäit sinn. Och mat Bléck op d'Sécherheetsfro. Riets-Parteie géifen d'Thema héichspillen. D'KPL géif Léisunge proposéieren. Hanner Perspektivlosegkeet, Langweil a Frust, stéinge sozial Problemer.

''Datt d'Leit méi gehollef kréien. Datt d'Gemengen dofir do sinn, fir all déi Problemer, déi sech op lokalem Niveau stellen, fir déi ze reegelen. Ëmmer de Leit nolauschteren, natierlech. Näischt iwwer hir Käpp ewech maachen'', sou de Parteipresident Aly Ruckert.

Sozial Moossnamen sinn der Kommunistescher Partei no och de Schlëssel zu méi Sécherheet, Kameraen a Repressioun sinn an hiren Aen net de richtege Wee.

Eng weider Prioritéit ass de Klimaschutz an och den ëffentlechen Transport.

"Do triede mir dofir an, mä mir soen awer och, do wou deen net gutt genuch ass, muss e verbessert ginn, mä et dierfen net och nach parallel dozou Schikanen géint d'Autofuerer gemeet ginn."

E weidert wichtegt Thema ass Wunnen zu Lëtzebuerg.

"Wunnen dierft net aarm maachen'' an den Aly Ruckert weider: "Datt eben d'Gemenge bezuelbare Wunnengsbau schafen, besonnesch Sozialwunnengen. Fir datt all Mënsch kann och eng dezent Wunneng kréien. Dat ass fir eis ganz wichteg. Mir trieden och derfir an, datt et zu kengen Taxen-Erhéijunge kënnt. A besonnesch net zu Käschtendeckenden-Taxen. D'Liewensmëttel sinn sou deier ginn, d'Energie ass sou deier ginn, a wann d'Gemengen dann och nach d'Taxen erhéijen, da féiert dat derzou, datt ëmmer méi Leit aarm ginn."

D'KPL ass fir eng progressiv Spekulatiounssteier.

E weidert Kapitel am Walprogramm vun der kommunistescher Partei ass d'Demokratie an de Gemengen, si fuerdert do... "dass zum Beispill, wann e Referendum zu enger Fro gemeet gëtt, dass deen och binndend ass an net dass, wéi dat scho geschitt ass, e Referendum ass, an enger Fro mat Nee gestëmmt gëtt an de Gemengerot dee Projet dann awer ëmsetzt. Dat ass net demokratesch."

Et misst een de Leit nolauschteren an et dierft een näischt iwwert hir Käpp ewech decidéieren, esou d'KPL, déi ënnersträicht datt si keng Partei vun eidele Verspriechen ass, mä datt all d'Iddien an hirem Kaderwalprogramm kéinten ëmgesat ginn. Ënnert der Konditioun, datt deen néidege politesche Wëllen do wier.

D'medezinesch Versuergung misst dezentraliséiert ginn. Wat den 3ten Alter ubelaangt, do misst virop bei Fraen, d'Gefor vum Altersaarmut bekämpft ginn.