D’LUGA soll op 5 Sitten organiséiert ginn. Dorënner der véier an der Stad an dann nach an der Nordstad.

D’LUGA, kuerz fir Luxembourg Urban Garden, gëtt vum 7. Mee bis den 18. Oktober 2025 organiséiert. Et soll eng Open-Air Expositioun sinn, bei där net nëmme verschidde Gäert, mee och kënschtleresch Projeten an déi neist landwirtschaftlech Technologien an de Vierdergrond gesat ginn. Dat ganzt soll ënner dem Slogan "rendre visible l’invisible" lafen.

D’Ann Muller vun der LUGA asbl: "Et ass awer och eng Invitatioun fir eng aussergewéinlech Rees an zwar Deel ze huelen um "rendre visible l’invisible", eise fil rouge duerch d’Ausstellung. Iwwer 6 Méint verwandele sech d’Stad Lëtzebuerg an d’Nordstad an e grousse sougenannte Lieu de bien-être an och an e grousst Fest. Hei kann een experimentéieren, fuerschen, optanken, sech inspiréiere loossen, fir säi Wëssen ze deelen, awer och fir doriwwer nozedenken, wéi eng Stad soll ausgesinn a wéi een do wëll zesumme liewen."D’LUGA, déi eigentlech schonn hätt sollen dëst Joer ofgehale ginn, gouf wéinst der Pandemie reportéiert. Doduerch hätt ee genuch Zäit gehat, fir d’Planung weider ze konkretiséieren. D’LUGA soll op 5 Sitten organiséiert ginn, dorënner véier an der Stad: Am Parc municipal, am Péitruss- an am Uelzechtdall an um Kierchbierg. Ma och d’Nordstad mécht elo mat. Et soll eng Aart Verlängerung vun der Foire agricole sinn, déi jo schonn all Joer zu Ettelbréck ass.

De Landwirtschaftsminister Claude Haagen: "De point fort ass dass d’Distanz net extra grouss ass, de point fort ass, dass mer en ëffentlechen Transport hunn, dee gratis ass, de point fort ass, dass mer kënne Marketing fir d’ganzt Land maachen, dat heescht souwuel vu méi spezifeschen Acteuren aus der Landwirtschaft ewéi och zum kulturelle vun der Stad Lëtzebuerg, fir dat mateneen ze verbannen. Dat ass eng grouss Thematik vun der LUGA."

Fir d’LUGA sinn den Ament 22 Milliounen Euro u Budget virgesinn, d’Zomm kënnt hallef vum Stad an hallef vun de Gemengen. Als Virgeschmaach ginn och schonn dëst Joer verschidde kleng Evenementer organiséiert, wéi Concerten, Promenaden oder och Konferenzen.

De ganze Programm a weider Informatioune fannt Dir op luga.lu.