An der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg hat d'Police et nees mat alkoholiséierte Chaufferen ze dinn.

Zu Garnech koum et an der Rue des Trois Cantons géint 22.25 Auer zu engem Accident mat engem Motorradsfuerer. Dësen huet refuséiert, en Alkoholtest ze maachen, a krut dowéinst säi Permis ofgeholl.

Kuerz no Hallefnuecht krut d'Police e Chauffer gemellt, dee wéinst senger Fuerweis opgefall war. Hie war op der A3 a Richtung Stad ënnerwee, wéi hie vun der Police ugehalen a kontrolléiert gouf. Well hien offensichtlech ze vill gedronk hat, gouf en engem Alkoholtest ënnerzunn, dee positiv ausgefall ass. Och hie krut säi Fürerschäin ofgeholl.

Kuerz duerno gouf op engem Feld zu Kanech en Auto gemellt, deem säi Chauffer um Volant geschlof huet wärend de Motor gelaf ass. Och hei gouf de Permis no engem positiven Alkoholtest agezunn.