Agang vu BeefortChauffer verléiert Kontroll iwwert Won a flitt aus enger Kéier
Géint 7.50 Auer en Dënschdeg koum et an der Route de Haller, direkt viru Beefort zu engem spektakulären Accident. D'Ëmstänn sinn nach onkloer.
Wéi et heescht, huet de Chauffeur an enger Rietskéier d’Kontroll iwwert säi Won verluer. Dobäi ass hie vun der Strooss ofkomm, krut e Bam ze paken an ass kuerz virun engem Haus zum Stëllstand komm. En Auto, dee geparkt war, gouf heibäi erwëscht an uerg beschiedegt.
© Domingos Oliveira (RTL)
© Domingos Oliveira (RTL)
© Domingos Oliveira (RTL)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Chauffeur vum Auto, deen d’Accident provozéiert huet, huet missten aus sengem Auto erausgehollef kréien a koum mat der Ambulanz an d’Spidol.