2 Accidenter goufe bei der Flucht vum Chauffeur provozéiert, an zwee Mol hat de Mann, deen och nach Drogen op sech hat, probéiert, zu Fouss fortzelafen.

An der Nuecht op e Freideg gouf der Police géint 03.45 Auer en Accident an der Rue de Reims bei der Stater Gare gemellt. E Chauffeur, war mat sengem Auto géint 5 aner Gefierer gerannt, déi laanscht d'Strooss stoungen an huet dobäi och nach eng Terrass beschiedegt. Dono ass de Chauffeur mat sengem staark beschiedegten Auto a Richtung Avenue de la Gare fortgefuer.

Eng Patrull vun der Police huet de Fluchtauto dunn an der Strooss fonnt, ma d'Persoun am Auto huet awer du Gas ginn an ass fortgefuer. Op eemol huet hien den Auto stoe gelooss an ass a Richtung rue du Fort Bourbon gelaf. Ma kuerz drop huet de Chauffeur seng Meenung awer geännert, ass nees zeréckgelaf an a säin Auto geklommen a fort gefuer. D'Police huet hien natierlech opgefuerdert stoen ze bleiwen, dëst gouf awer ignoréiert.

Ma och hei huet de Chauffeur nees d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an der Rue Dicks an 2 gepaarkten Autoe gerannt. Heibäi gouf e Passant vun engem geparkten Auto um Been getraff a blesséiert. D'Affer koum fir d'Behandlung an d'Spidol.

Nodeems de flüchtegen Automobilist sech dunn nach eemol zu Fouss duerch d'Bascht wollt maachen, konnt d'Police e finalement stoppen. D'Persoun huet sech wärend de Kontroll extrem aggressiv an onkooperativ de Beamte géigeniwwer, huet dës menacéiert an huet och e puer Mol probéiert sech selwer ze blesséieren.
Alkohol- an Drogentest ware positiv, Blut- an Urintester goufen ugefrot. De Permis vum Chauffeur gouf direkt agezunn. Bei der Iwwerpréiwung vun de Personalie koum eraus, dass de Mann schonn national wéinst engem Entzuch vu sengem Permis signaliséiert war.

De Mann hat dann och nach eng Tut Cannabis op sech, déi séchergestallt gouf, iert hien dunn an Arrest koum. Eng Plainte géint hie gouf säitens der Police gemaach.