E Samschdeg de Moien um kuerz no 5 Auer moies, gouf zu Rodange op enger Tankstell eng Fra gemellt, déi sech wuel net méi am Grëff hat.

Dës huet nämlech d'Personal op der Tankstell beleidegt, gouf handgräiflech a war aggressiv dem Rettungsdéngscht géigeniwwer, déi der Fra hëllef wollten. Well d'Patientin et refuséiert huet, mat der Rettungsekipp an d'Spidol ze fueren, gouf d'Police informéiert.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hunn dës probéiert, d'Fra ze berouegen. Dobäi gouf e Polizist an d'Gesiicht geschloen an um Hals blesséiert. D'Persoun ass op de Policebüro matgeholl ginn a koum no enger medezinescher Ënnersichung an Arrest. Kuerz virdrun krut si awer nach eng kleng Quantitéit Haschisch ofgeholl, dat si dobäi hat.