Alkohol um Steier an eng ganz Partie Abréch am Land

© RTL Archiv
Tëscht e Freideg an e Samschdeg de Moien hunn eng Partie Automobilisten op sech opmierksam gemaach a goufe kontrolléiert.
Dëst war de Fall zu Käerjeng, op der A3 an op der A4, um Sennengerbierg, an der Stad, zu Ettelbréck an zu Diddeleng.
5 Permise goufen agezunn, well bei de concernéierte Chauffeuren den Alkoholtest positiv verlaf ass. Bei 2 Fäll waren d'Wäerter ënner 1,2‰, sou dass de Permis net huet missen agezu ginn.
E Freideg den Owend dann krut en Affer am Péitrussdall an der Stad den Handy geklaut. Kuerz drop konnt den Täter hei awer ermëttelt ginn. Déi geklauten Handy gouf nees séchergestallt an dem Affer zeréckginn. Géint de presuméierten Täter gouf eng Plainte gemaach.
An der Nuecht op e Samschdeg de Moien goufen zwee Abréch a Wunnenge gemellt, dat zu Mutfert an zu Déifferdeng. Da goufen et Abréch a Kelleren um Verluerekascht an zu Bouneweg an nach eemol Abréch an Autoen, dat dës Kéier zu Capellen a Péiteng. Geklaut goufen hei Handyen, Laptoppen, Poschen, en E-Bike, wou wéi Kleeder a soss Wäertgéigestänn.
An dann zu Schuller an Déifferdeng gouf bei am Ganzen 2 geparkten Autoen eng Scheif ageschloen.