Dat seet d'Inneministerin Taina Bofferding géintiwwer RTL.

Gemengepensiounen / Reportage Michèle Sinner

D’Gemengebeamten an d'Employéë missten net ëm hir Pensioune fäerten, berouegt d’Inneministerin Taina Bofferding vun der LSAP. Si rassuréiert, "datt d’Pensioune vun de Gemengebeamt*innen an -Empléeë garantéiert sinn. Dat heescht, et brauch keen ze fäerten, datt seng Pensioun d’nächst Joer net ausbezuelt gëtt."

Dat nächst Joer, 2024 huet d’Caisse de prévoyance des fonctionnaires communaux (CPFEC) en Defizit vun 63,5 Milliounen Euro. De Gemengeverband Syvicol hat dowéinst no senger leschter Reunioun am Mee Alarm geschloen, well d’Gemengen den Defizit an deenen nächste Joren net méi kéinten decken.

An déi Keess hunn d’lescht Joer 4.778 Beamte kotiséiert a si huet 3.340 Pensiounen ausbezuelt fir e Gesamtmontant vun 237 Milliounen Euro.

En Zesummespill vun Ursaachen  

Et gëtt en Zesummespill vun Ursaachen, déi den Defizit erklären, seet de Jean-Lou Hildgen, Vize-President vun der CPFEC a Beamten am Inneminstère. D’Alterspyramide dréit sech: "Et gi méi Leit an d'Pensioun, wéi déi Jore virdrun" a se gi méi al. "Dann hu mer och gemierkt, datt notamment vun 2017 un, d’Zuel vun den Affiliéierte stagnéiert, souguer liicht zréck geet."

Dat läit awer net drun, datt et manner Personal géif, mee ëmverdeelt gouf an anescht agestallt gëtt. De Jean-Lou Hildgen verweist do op d’Reform vun de Rettungsdéngschter CGDIS, duerch déi Personal vun de Gemenge bei der Staat gewiesselt ass, mä och op "d’Rekrutementspolitik vun de Gemengen, déi an deene leschte Joren méi op Salariéen zréckgräifen. Besonnesch am sozio-edukativen Domaine." Dat sinn also zum Beispill d’Mataarbechter aus de Maisons relais, an déi cotiséieren net bei der CPFEC, mä bei der Cnap, der Caisse nationale d’assurance pension.

De Lëtzebuerger Pensiounssystem funktionéiert bekanntlech an engem Ëmlageverfahren. An esou ass d’Solutioun zum aktuelle Defizit bei der CPFEC vum Legislateur am Gesetz vum Mäerz 2015, Artikel 73 virgesinn: Wann et en Defizit an der Pensiounskeess gëtt, ginn d’Tauxe vun de Beiträg iwwer en Arrêté ministeriell eropgesat, fir en ze decken.

Beiträg vun de Gemenge solle klammen 

D’Inneministerin Taina Bofferding plangt, kuerzfristeg d’Beiträg vun de Gemengen ze hiewen, vun elo alles an allem 35 op 48,29 Prozent, fir den Defizit ze decken. D’Tauxe vun der Cotisatioun vun den Assuréeë solle net geännert ginn.

D’Recette vun der Caisse de Prévoyance des fonctionnaires communaux (CPFEC) setze sech virun allem aus véier Posten zesummen, wéi den Jean-Lou Hildgen erkläert.

  1. Déi Affiliéiert selwer kotiséieren aacht Prozent vun hirem Loun
  2. All Gemeng als Patron bezilt 20,3 Prozent op de Léin vun hiren eegene Mataarbechter
  3. Doriwwer eraus bezuelen d’Gemengen aus dem hirem Fonds de dotation globale des communes (FDGC) zesumme 14,7 Prozent op déi gesamt Lounmass vun den Assuréeën
  4. Dobäi kommen Transferte vun der Cnap fir Gemengebeamten, déi virun der Pensiounsreform vu 1999 schonn an der Fonction publique waren, mä emol am Privatsecteur geschafft an an d’Cnap cotiséiert hunn.  

An deene leschte fënnef Joer huet d’CPFEC ongeféier 30 Milliounen Euro d’Joer un Transferte vun der CNAP kritt, wat der CPFEC gehollef huet, d’Defiziter vun deene leschte Joren ze decken, erkläert de Jean-Lou Hildgen. "Et ass elo sou, datt mer 2024 op e Punkt kommen, wou dat praktesch näischt méi ausmécht. Dat erkläert iwwregens och, firwat datt mer elo vun dëst Joer 25 Milliounen (Defizit) bemol dee Sprong op 63 Milliounen Euro maachen."

Scho säit Jore manner Recette wéi Depensen 

2024 ass also net dat éischt Joer, wou et finanziell Probleemer bei der CPFEC gouf. Schonn 2018, esou de Jean-Lou Hildgen, war kloer. "datt mer vun 2019 u wierklech e substantielle Clivage tëscht engersäits de Recetten an anerersäits den Depensen wäerte kréien. Dat huet sech fir d’Joer 2019 dunn op 11 Milliounen Euro chiffréiert." Deemools hat d’Keess awer nach 85 Milliounen Euro u Reserven. Ma déi huet se zanterhier verbraucht, fir d’Defiziter ze decken, sou datt dëst Joer just nach 15 Milliounen Euro iwwreg bleiwen. Fir 2026 rechent CPFEC – wann d’Beiträg net gehéicht ginn – mat engem Defizit vu bal 76 Milliounen Euro.

D’Taina Bofferding plangt also elo, d’Contributioun vun de Gemengen vun 20,3 op 28,01 Prozent eropzesetzen an déi aus dem FDGC vun 14,7 op 20,28 Prozent. Domat missten d’Gemengen, déi elo 167,3 Milliounen Bäiträg bezuelen (dovun 70,3 aus dem FDGC), op 230 Milliounen Euro klammen, wouvun 97 Milliounen Euro aus dem FDGC kéimen.

Gudden oder schlechten Deal mam Dan Kersch? 

Dobäi muss ee wëssen, datt de Staat déi 14,7 Prozent bis 2016 aus dem Staatsbudget bezuelt huet. Mä fir de Gemengen d’Reform vun hire Finanzen méi lackeleg ze maachen, hat den deemolege Inneminister Dan Kersch vun der LSAP hinnen ugebueden, 90 Milliounen Euro Käschten vu de Gemenge bei de Staat ze transferéieren.

Ëmgesat gouf dat, andeems de Staat d’Gehälter vum Léierpersonal aus de Grondschoule ganz iwwerholl huet, vun deenen d’Gemengen deemools nach ronn en Drëttel bezuelt hunn  - 2016 waren dat 140 Milliounen Euro – an d’Gemengen dofir dem Staat säi Bäitrag un de Gemengepensiounen un d’CPFEC iwwerholl huet. 2016 waren dat 49 Milliounen Euro, déi zanterhier aus dem Fonds de dotation générale bezuelt ginn.

De Syvicol hat 2016 seng Diskussioun iwwert d’Reform vun de Gemengefinanzen aus Zäitgrënn e puer Mol verréckelt, wéi een an de Comptes-rendus ka noliesen. Am November 2016 huet de Gemengeverband du säin Avis zur geplangter Reform ugeholl. Dodra schreift de Syvicol, den Tosch -Schoulmeeschtesch Paien géint Beamte Pensiounskotisatioune -, wier eng "Bouffée d’oxygène" fir d’Gemengefinanzen.

Virun zwou Wochen, nodeems dem Syvicol kloer gouf, datt d’Bäiträg klammen, huet den Emile Eicher du vun engem "schlechten Deal" geschwat. Hat de Syvicol ieren  - trotz nationalen Diskussiounen iwwert d’Rentemauer, och 2016  - net domat gerechent, datt d’Bäiträg kéinten ugehuewe ginn? Zemools 2016 bei der CPFEC schonn emol d’Depense méi héich waren wéi d’Recetten.

Informatiounen net disponibel? 

Mä déi Konte goufen eréischt 2021, also fënnef Joer méi spéit, am Mémorial B verëffentlecht. Soss publizéiert d’Keess, deenen hir Budgete wéi déi vun de Gemengen vum Inneministère gepréift ginn, hir Konte néierens. Den Emile Eicher seet, de Syvicol hätt d’Situatioun deemools net kannt. "Mir kruten keng eenzeg Informatioun vu kengem", insistéiert hien, obwuel ee no den Zuele gefrot hätt. Am Verwaltungsrot vun der CPFEC si weder de Syvicol, nach d’Gemenge vertrueden, sou datt och d’Inneministerin Taina Bofferding d’accord ass, "datt et eng strukturell Reform brauch. Et muss een de Fonctionement an d’Zesummesetzung vun der Keess reforméieren."

De Syvicol ass awer och net mat der kuerzfristeger Augmentatioun vun hire Beiträg averstanen, well de strukturellen Defizitsprobleem vun der Keess domat net geléist géif: "Dat ass vläicht gutt, fir elo eng Plooschter driwwer ze maachen", seet de Syvicol-President.

Syvicol fuerdert, datt Staat aspréngt 

Dofir huet de Gemengeverband eng Entrevue mam Finanzministère ugefrot, sou den Emile Eicher, "fir ze kucken, a wéiwäit de Staat déi 14,7 Prozent, déi hie fréier selwer gedroen huet, erëm eng Kéier kéint iwwerhuelen."

Eng aner Suerg ass, wéi d’Charge tëscht de Gemenge verdeelt gëtt. "Et ka jo awer net sinn, datt d’Allgemengheet iwwert de Fonds de dotatioun global e groussen Deel vun de Pensiounen dréit an op där aner Säit haaptsächlech eng grouss Gemeng dovu profitéiert." Souguer wann ee berücksichtegt, datt déi eng grouss Gemeng am meeschten an de FDGC aspeist, géif se iwwerproportional vill iwwert d’Pensiounskotisatiounen erauszéien, sou den Emile Eicher.

D’Inneministerin Taina Bofferding seet, si wier "ganz oppe" gewiescht, fir déi zousätzlech Charge proportional tëscht de Gemengen ze verdeelen. Mä "vun hinnen ass elo keng aner Propos komm, sou datt mer lo näischt anescht iwwreg bleift, wéi datt mer deen Arrêté do lo wäerten huelen, fir datt d’Pensioune garantéiert sinn."