Den Defizit, deen de Gemengen duerch d’Ausbezuele vun de Pensiounen entsteet, wier an den nächste Joren net méi ze decken.

Et wier e Problem, deen onbedéngt misst geléist ginn, sot de President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Emile Eicher e Méinden op der Reunioun vun de Gemengeresponsabelen.

Syvicol fuerdert Ënnerstëtzung - Reportage Diana Hoffmann

Anescht wéi de Staat hunn d’Gemengen eng Caisse de prévoyance mat engem Fong, deen d’Pensioune fir d’Employéeën an d’Salariéeë speist. Bei der Reforme vun der Zoustännegkeet fir d’Schoulmeeschter an d’Léierinnen aus dem Fondamental gouf festgehalen, dass de Staat hir Paien iwwerhëlt an d’Gemeng dofir d’Pensioune vun de Beamten.

"Do hu mer mengen ech e schlechten Deal gemaach", seet den Emile Eicher. D’Zuel vun de Pensionäre géing nämlech drastesch zouhuelen, déi vun de Contribuabele wier awer an de leschte 4 bis 5 Joer zimmlech stabel bliwwen. D'nächst Joer hätt een deemno en Defizit vun 63,5 Milliounen Euro. Déi nächst 2 Joer géing de Montant dann ëm 10 Millioune pro Joer erop goen.

D’Léisung, déi d’Ministesch géing proposéieren, fir d’Tauxen all Joer proportionell no uewen unzepassen, géing dozou féieren, dass 2026 d’Gemenge missten iwwert 50 Prozent aus eegener Täsch bezuelen, betount den Emile Eicher. Dofir wier een der Meenung, dass de Staat déi 14,7 Prozent vum Montant, déi e fréier gedroen huet, nees och an Zukunft misst finanzéieren. Schliisslech hätten d’Leit sech hir Pensioun verdéngt, an dofir missten zesumme mam Staat nei Weeër fir d’Finanzéierung fonnt ginn.