Um Virowend vun Nationalfeierdag huet de Premier seng traditionell Ried gehalen. En Discours, deen dëst Joer ganz am Zeeche vum Erfolleg steet.

D'Ried vum Xavier Bettel um Virowend vun Nationalfeierdag

An Zäite vu multipelle Krisen an no enger Pandemie wier d'Wuelergoe vun de Bierger a Biergerinnen "alles aneschters wéi selbstverständlech", esou de Premierminister. Et wier alles dofir gemaach ginn, fir d'Krisen aus de leschte Joren esou ze geréieren, fir et de Leit esou einfach wéi méiglech ze maachen.

"Wann ech vu 'mir' schwätzen, déi all dës Krisen erfollegräich gemeeschtert hunn, da mengen ech domat eis alleguer. Well dësen Erfolleg gehéiert net eleng enger Regierung oder enger Persoun."

Och d'Sozialpartner, d'Associatiounen an déi vill Benevollen huet de Premier Xavier Bettel ervirgehuewen. Et wier ëmmer versicht ginn, openeen duerzegoen an zesumme Léisungen am Interêt vun der Allgemengheet ze fannen. All Eenzelen hätt bewisen, dass Solidaritéit, Zesummenhalt an ongebremsten Optimismus Lëtzebuerg ausmaachen. Domadder wéilt een och d'Zukunft an d'Hand huelen.

Lëtzebuerg hätt schonn an der Vergaangenheet dacks gewisen, dass et ëmmer nees nei Weeër fënnt, fir de Wuelstand ze garantéieren.

D'Mesurë vun der Regierung, wéi de gedeckelten Energie- a Gaspräis oder d'Hëllefspäck fir Aarbechtsplazen ofzesécheren, hätte mat dozou bäigedroen, dass et dem Land objektiv gesi gutt geet, esou de Premierminister a senger traditioneller Usprooch. Ma nieft dem Land, géing hien hoffen, dass et de Leit och gutt geet. "Dëst ass en éierleche Wonsch, dee mech an de leschte Joren Dag fir Dag begleet", sot de Xavier Bettel a senger Ried, déi ronn 5 Minutten dauert.

Hie wier sech bewosst, dass et Leit ginn, deenen et net gutt geet. Si dierften net vergiess ginn. "Si sollen eis Motivatioun sinn, fir eis och an de nächste Jore fir e bessert, nach méi solidarescht an nach méi nohaltegt Lëtzebuerg anzesetzen."

Mir sinn e Land, dat all Dag verschidde Kulturen, Sproochen an Traditiounen zesummebréngt, esou nach de Staatsminister an engem Abschnitt op Franséisch. Dobäi huet hien och un déi nei Matbierger a Biergerinnen aus der Ukrain erënnert. Hie wier frou iwwer d'Solidaritéit, déi hei am Land géing gelieft a weidergedroe ginn.

De Virowend vum Nationalfeierdag wier och eng gutt Geleeënheet, fir zesummen ze kommen an och zesummen op d'Leeschtunge vum leschte Joer unzestoussen.

D'Ried vum Xavier Bettel um Virowend vun Nationalfeierdag (Gebärdesprooch)
"Mir feieren och eis selwer, eis Leeschtungen an Erfolleger"