Déidlechen Accident9 Joer ale Bouf fält zu Bäerdref an eng Schlucht

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 17.30 Auer e Sonndeg den Owend ass et zu Bäerdref zu engem déidlechen Tëschefall komm.

En 9 Joer ale Bouf ass an der Géigend vun enger Aussiichtsplattform, der sougenannter Däiwelsinsel, an eng Schlucht gefall an ass schwéier blesséiert ginn. Hie gouf vum Noutdokter versuergt, ass allerdéngs nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.

Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz. D’Eltere vum Kand gi vum Groupe de support psychologique betreit.

Back to Top
CIM LOGO