Virwalzäit heescht d'Zäit fir Walpréifsteng
D'CGFP wollt wëssen, wéi déi politesch Parteien zu de Sujete stinn, déi de Leit uewe leien.
D'Staatsbeamtegewerkschaft huet hinnen Uganks Juni eng 50 Froe geschéckt, op déi si wollt eng Äntwert kréien. Et goung ëm 9 Themefelder, zum Beispill den ëffentlechen Déngscht, de Logement, d'Steierpolitik oder d'Ëmweltpolitik.
D'CGFP krut vun all de Parteien, déi se gefrot huet, Äntwerten. Se huet déi analyséiert an elo publizéiert.
Mat de Walpréifsteng wéilt ee keng Recommandatioun maachen, wat ee soll wielen. Et geet méi drëm, eng Hëllef ze liwweren, fir déi verschidde Programmer mateneen ze vergläichen.
Déi ronn 34.000 Memberen vun der CGFP haten d'Äntwerte vun de Parteien an der Bréifboîte, et fënnt ee se awer och online.