Véier Chambere kritiséieren Text iwwer d'berufflech Weiderbildung
D'Salariats- a Patronatskammere kritiséieren e Projet fir e Reglement, wat déi berufflech Weiderbildung, wärend een schafft, soll regléieren.
Och den Echange tëscht de Chamberen an dem Educatiounsministère gëtt vermësst.
Véier Chamberen hu sech fir d’Schreiwes zesummegedoen. Déi fir d’Landwirtschaft, de Commerce, d’Handwierk an d’Salariéen. Si begréissen d’Weiderbildung fir Leit, déi schaffen, seet d’Muriel Morbé vun der Chambre de Commerce an erkläert weider:
"Wat mer bedaueren, ass, dass keng Concertatioun mam Ministère am Virfeld stattfonnt huet, fir den Text opzestellen. An och dass dono an der Organisatioun vun der Formatioun professionelle en cours d'emploi dono keng Concertatioun vun de Chamberen um Terrain wäert sinn."
Um Niveau vun der Terminologië géingen et dann Inkoherenze ginn. Se wieren net präzis, wat géing zu Onsécherheete souwuel bei de Salariéen, wéi och bei de Betriber féieren.
"'T ass och net ganz kloer, wéi d’Evaluatioun an d’Promotioun vum Salarié am Kader vun dëser Formatioun gemaach gëtt. D’Entreprisë mussen och net den Droit de former hunn, wat am klasseschen Apprentissage awer eppes ganz Wichteges ass. Dat och am Sënn vun der Qualitéit vun der Beruffsausbildung."
Sou wéi den Text den Ament wier, géing en zu enger ongesonder Situatioun féieren, well d’Direktioun vun der Formation professionnelle um Ministère kéint eleng eng ganz Rei Decisiounen huelen, kritiséiert d’Muriel Morbé. An hirem Avis froen d’Chambres professionnelles, dass ee sech nach eng Kéier mam Educatiounsministère un den Dësch sëtzt.