Dräi Aendokteren operéieren elo och de groe Star an hirem Cabinet
Well d'Waardezäiten fir d'Operatioun am Spidol ëmmer méi laang ginn, operéieren dräi Aendokteren de groe Star elo an hirem Cabinet.
Mat zwee aneren Ophtalmologen huet d‘Aendoktesch Carla Schmartz ee Cabinet op der Gare. Hei bidde si refraktiv Chirurgie, fir nees besser ze gesinn, an ästhetesch Operatiounen un. Zanter 2022 gëtt an hirem Cabinet och de Katarakt, also de groe Star, operéiert. Dat, well d‘Waardezäiten am Spidol, wou si an hir Associéen och haut nach operéieren, ëmmer méi laang gi wären, erkläert d‘Dokter Schmartz. Virun der Pandemie hätte se bei sechs bis zwielef Méint geleeën, duerno esouguer driwwer.
Déi dräi Confrèren hunn doropshin decidéiert, fir d’Katarakt-Operatiounen am Cabinet ze proposéieren an an een zweeten Operatiounssall an an dat néidegt Ekipement investéiert. Obwuel si fir de Katarakt just de Chirurgies-Akt verrechne kënnen. Anescht ewéi an de Spideeler, ass et bis ewell net virgesinn, dass d‘Dokteren am Cabinet vun der CNS hir Käschte vum Sall, Ekipement, Material, Sterilisatioun a Personal rembourséiert kréien.
D‘Patienten iwwerdeems bezuele fir den Agrëff, ofgesi vun enger Viruntersuchung vun 185€, net méi wéi am Spidol. Bedeit also, dass d‘Aen-Doktere fir d’Operatioune vum Katarakt am Cabinet mat Verloscht schaffen.
Fir d‘Käschten ze decken, hunn déi dräi Opthalmologen ee méi-schichtege Modell: een Deel vun hirem Memoire geet drop. Ausserdeem probéiere si besser Präisser mat de Fournisseuren ze verhandelen. An och déi refraktiv Ae-Chirurgie, déi jo net vun der CNS rembourséiert gëtt, hëlleft fir d‘Perte vun de Katarakt-Agrëffer auszegläichen.
Den Aendoktesch-Cabinet, an deem och net-associéiert Opthalmologen praktizéieren, géif mëttlerweil alles an allem 1.500 Operatiounen d‘Joer maachen, seet de Matgrënner Dokter Tom Pavant. Gutt 1.000 dovunner wären Operatioune vum Katarakt.
Duerch eng gewëss Flexibilitéit, fir der Demande vun de Patienten nozekommen, wären d‘Waardezäiten am Cabinet mëttlerweil op zwee bis dräi Méint zréckgaangen.
Déi dräi Ophtalmologen, déi sech an enger Association de frais zesummegedoen hunn, hoffen, datt d‘Politik geschwënn op dee versprachene Wee geet, fir eng Rei Aktivitéiten och ausserhalb vun de Spideeler an de Spidolsantennen ze erméiglechen. An, dass dee Moment och d‘Käschte ronderëm d‘Operatioun vun der CNS iwwerholl ginn. Am Beräich vun der Ophtalmologie kéinten déi Fraisen dann duerchaus méi bëlleg ginn, wéi aktuell am Spidol, denkt d‘Dokter Schmartz:
"Wann een ee passage au bloc ambulatoire géif kreéieren, géif deen däitlech ënner deem vun enger Klinik leien, well mir net esouvill verschidden Operatioune mussen ofdecken. Dee Moment kéint ee wierklech kucken: 'wat brauch een u Material, wat ass fair a richteg, fir dat, wat mer och leeschten ze finanzéieren. An ech denken, datt een do däitlech géif ënnert deem leie vun enger Klinik. Wéi gesot kann ech lo wierklech nëmme fir d'Ophtalmologie, an do haaptsächlech fir d'injection intravitréenne an de Katarakt schwätzen. Fir de Rescht hunn ech net genuch Background-Wëssen", ënnersträicht d'Aendoktesch.
D‘Suerg, datt duerch d‘Ouverture an den extra-hospitalier net genuch Doktere méi am Spidol géife schaffen, deele si an den Dokter Pavant net. Allen dräi géife se och haut nach am Spidol schaffen an och och Garde maachen. Patiente mat Risiko fir Komplikatiounen a méi schwéier Agrëffer kéinte just am Spidol gemaach ginn. Wann de Katarakt - ëmmerhin déi heefegst duerchgefouert Operatioun op der Welt - an de Cabinete gemaach kéint ginn, géife méi Plagen am Spidol fräi fir méi komplizéiert Agrëffer.
Mam selwechten Argument hunn d‘Hôpitaux Robert Schumann, bei deenen och de Service National d‘Ophtalmologie spécialisé ugesiedelt ass, ugekënnegt, am Laf vum nächste Joer Katarakt-Operatiounen an enger Spidolsantenn op der Cloche d‘Or unzebidden.