Op Nofro beim Parquet krut RTL confirméiert, dass zwee vun de véier Polizisten eng provisoresch Fräiloossung zougesprach kruten.

D'Chambre du conseil vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg hätt um Mëttwoch zwou Ordonnancë geholl, an zwee vun de véier am Zesummenhang mam Dossier Policegewalt inhaftéierte Polizisten eng provisoresch Fräiloossung zougesprach.

De Parquet hätt um Donneschdegmoie géint déi Decisiounen Appell ageluecht, dofir wieren déi betraffe Beamten nach net fräigelooss. Eng Decisioun muss d'Chambre du conseil bannent 10 Deeg treffen.

Mëtt Juli goufen als éischt dräi Polizisten, an duerno nach e Véierte verhaft. Si kréie Policegewalt reprochéiert. Hannergrond wier den Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun, déi den 20. Mee 2023 an d'Zell sollt bruecht ginn, fir niichter ze ginn. D'Justiz hat matgedeelt, datt déi 4 Beamten op engem Stater Policekommissariat schaffen.

D'Enquête gëtt vun der Inspection générale de la police (IGP) gemaach.

Nach ëmmer gëllt och an dësem Fall d'présomption d'innocence.