Et wëll ee Reformen, déi d'wirtschaftlech Entwécklung stäipen. Dat an Zäite vu villen Onsécherheete fir déi national Kompetitivitéit.

Am Fuerderungskatalog steet virop d'Reform vum Indexsystem mat enger eenzeger Tranche pro Joer, déi och no Uewe plafonéiert misst ginn. D'Betribssteier misst iwwerdeems vun aktuell 25 Prozent op den europäesche Mëttelwäert vun 22 Prozent erofgoen. D'Land bräicht een effikassen ëffentlechen Investitiounsfong. Alt erëm koum och d'Fuerderung zu der Ëmsetzung vun der ugekënnegter "Simplification administrative". Lëtzebuerg misst och méi ënnerhuelen, fir Talenter am Land ze halen oder an d'Land ze kréien.

D'Betriber soe sech oppe fir méi flexibel Aarbechts-Organisatioun. Et dierft awer net Richtung Verkierze vun der Aarbechtszäit goen.

Aner Revendicatioune viséieren eng besser Logementspolitik, bei där d'Investissementer an nei Wunnengen ënnerstëtzt ginn. Dobäi komme besser Infrastrukture bei der Mobilitéit.

Wichteg wier och, de Staatsdefizit am Grëff ze hunn. Et setzt een och op Innovatioun virum Hannergrond vun der ekologescher Transitioun, déi een als eng Chance soll gesinn.