CSV lancéiert Walcampagne

© Renée Pfeiffer
En Dënschdeg um Belair gouf hir Walcampagne offiziell agelaut. Mam Slogan „Zäit fir eng nei Politik“ wëllen di Chrëschtlech-Sozial jo nees an d'Regierung.
Et wëll een eng Politik maachen, déi der Zäit ugepasst ass, eng aner, wéi virun 20 Joer, mat un der Spëtzt dem Luc Frieden, deen en Dënschdeg net mat Kritik un der aktueller Majoritéit gespuert huet . D'Wale wieren a schwieregen Zäiten. Et misst ee kloer zu Europa a senge Wäerter, mä och zu der NATO stoen. Et wier wichteg, eng staark Bannen- an aussepolitesch Positioun ze vertrieden.
D'CSV probéiert an hirer Campagne ee modernt, dynamescht Bild ze vermëttelen. Et kéint ee keng, sou de Luc Frieden, "Wischi Waschi- oder Luftikus-Politi" méi maachen, et misst ee mat konkrete Propositioune géint Problemer virgoen, déi ënnert der Gambia Regierung méi grouss gi wieren. D'Kafkraaft verbesseren, ekologesch responsabel virgoen a wirtschaftlech fit ginn, dat sinn d'Ziler vun der CSV.
Et gouf vill Applaus en Dënschdeg den Owend fir de Luc Frieden. Am meeschten hunn d'CSV Memberen awer applaudéiert, wéi de fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen och present war, virgestallt gouf.
De Luc Frieden: "Mir hätte gären, dass eng aner Koalitioun nom 8. Oktober fir Lëtzebuerg méiglech gëtt, fir dass mir méi Wunnengsbau kréien, méi Kafkraaft, besseren Accès zu de gesondheetleche Servicer, méi erneierbar Energien, dass mir viru kommen an dësem Land an der Sozialpolitik, an der ekologescher Politik an an der wirtschaftlecher Politik. An do zielen ech op Iech an dir kënnt och op mech zielen."