Staatsministère huet Beweegung an den Dossier bruecht, esou Patrick Dury

© Christophe Hochard / RTL
E Méindeg de Moien huet den LCGB-President reagéiert. Hien ass frou, datt en Accord fonnt gouf, bedauert awer, datt dofir e Streik néideg war.
E Samschdeg souze Vertrieder vun de Gewerkschaften an der Direktioun beieneen. Am Owend war et d'Nouvelle, datt een Accord fonnt gouf. D'Personal bei der Cargolux hat en Donneschdeg gestreikt. Der Pilotenassociatioun ALPL no blouf déi komplett Flott vu 26 Fligeren um Buedem.
De grousse Knackpunkt bei den Diskussioune waren d’Lounerhéijungen. D’Cargolux-Direktioun hat eng Hausse vu 5 Prozent iwwer 5 Joer schrëftlech confirméiert. D’Gewerkschafte bloufen awer bei enger Fuerderung vu 6 Prozent iwwer 4 Joer.
No knapp 3 Deeg Streik gëtt et elo een Accord bei der Cargolux.
E Samschdeg souzen d‘Vertrieder vun de Gewerkschaften an der Direktioun bis an den Owend era beieneen, fir iwwert en neie Kollektivvertrag ze negociéieren. Réckwierkend vum 1. September 2023 u bis den 31. August 2027 soll iwwer 4 Joer laang eng Lounerhéijung vu 5,5 Prozent implementéiert ginn.
De Paul de Araujo vum LCGB mat den Detailer: "Dat ass eng Kéier elo fir de September 2023 eng Gehaltserhéijung vun 2,5 Prozent. Dann nach ee Prozent am September 2024, nach een am September 2025 an de Leschten dann am September 2026. Mir hunn u sech dann och een Accord fonnt, wat d'Aféierung vun enger neier Lounstruktur fir den technesche Personal vun der Maintenance ab dem 1. Januar 2024 ugeet. D'Direktioun huet dann och accordéiert, dass mer och eng Inflatiounsprotektioun hunn. Dat heescht, dass u sech weiderhin dat gesamt Personal gläich behandelt gëtt, par Rapport zum Index am Fall vun enger Deckelung oder vun enger Staffelung vum Index. An zum Schluss hu mer dann och nach een Accord fonnt, dass kee vun de Salariéë wärend dem Streik e Gehaltsverloscht huet."
Donieft sollen et och Ännerungen ginn am Bezuch op den Télétravail, also d‘Méiglechkeet vun doheem ze schaffen.
Plainte wéinst Verëffentlechung vu Cargolux-Primmen
De Gewerkschaftler Paul de Araujo confirméiert dann och, dass verschidde Cargolux-Mataarbechter eng Plainte bei der CNPD gemaach hunn, der Commission nationale pour la protection des données. Dat well de Generaldirekter vun der Cargoairline, de Richard Forson, an de Medien d'Chiffere vun de Primme vun de Mataarbechter genannt huet. Ënner anerem 200.000 Euro Brutto pro Salarié déi lescht 3 Joer.
"Dat ass effektiv bei de Leit ganz schlecht ukomm. D'Leit waren zudéifst enttäuscht, dass hir Primme vum Generaldirekter ëffentlech bekannt gemaach gi sinn. Do hunn d'Leit sech zesummegesat a mir hunn och matkritt, dass do dann effektiv schonn eng Rei Plaintë gemaach goufen. Mir hunn et och wärend dem Streik gesot, dass dat inacceptabel ass vun engem Direkter. D'Leit hunn do just reagéiert, well dat just zu Sozial-Näid féiert an d'Leit dat elo all Dag mussen erdroen."
Och beim LCGB lafen Diskussiounen ënnert den Delegéierten, fir eventuell eng Plainte bei der CNPD ze maachen. Do wier awer nach näischt weider entscheet, sou de Gewerkschaftler Paul de Araujo.
Patrick Dury: Staatsministère huet Beweegung an den Dossier bruecht
Et wier e komplexen a schwieregen Dossier gewiescht. Dowéinst wier ee frou, datt eng Léisung fonnt gouf a nees Rou an de Betrib kéim, sot den LCGB-President Patrick Dury am RTL-Moiesjournal.
No knapp dräi Deeg Sozialkonflikt a Streik bei der Cargolux goufe sech d'Gewerkschaften an Direktioun jo eens iwwert en neie Kollektivvertrag. D'Solidaritéit tëscht de Salariéen a Gewerkschafte wier grouss gewiescht an d'Resultat ass e gudde Kompromëss.
Um Enn wären och béid Säite wierklech beméit gewiescht, fir en Accord ze fannen, esou de Patrick Dury, deen et schued fënnt, datt dofir awer e Streik néideg war.
E Merci goung och un de Staatsminister Bettel, dee vum LCGB kontaktéiert gi war. Doduerch gouf de Streik och e Sujet am Regierungsrot, an dowéinst koum Beweegung an den Dossier. Soss Detailer dozou huet den LCGB-President awer keng ginn.
Am Géigesaz zu enger Rei Cargolux-Salariée wëllen d'Gewerkschaften iwwregens keng Plainte maache bei der Dateschutzkommissioun, well de Cargolux-Generaldirekter d'Héicht vun de Primme public gemaach huet. Dat am Sënn vum Sozial-Dialog. En Accord wier fonnt, elo wéilt een e Schlussstréch zéien.