Et hofft ee bei der SPAL, datt eng nei Regierung sech ëm déi vill Chantiere géif këmmeren, déi et an der Arméi gëtt.

"Mir si prett fir e Wiessel", sot d'Arméisgewerkschaft SPAL en vue vum 8. Oktober e Méindeg den Owend op hirer Generalversammlung. Si setzt drop, datt eng nei Regierung sech ëm déi vill Chantiere këmmert, déi et géif.
En Dar am Aen ass dem SPAL zum Beispill nach ëmmer de Bewäertungssystem am neien Arméisgesetz, dat am Juli gestëmmt ginn ass.

SPAL virun de Walen / Reportge Dany Rasqué

D'Arméisgewerkschaft an och d'CGFP als Daachverband bleiwen dobäi, datt de Bewäertungssystem géint den Accord salarial verstéisst. De President vum SPAL Christian Schleck erkläert.

"Fir elo ze soen, dat ass iwwerhaapt keng Appreciatioun am Sënn vum Accord salarial, well et keen Impakt op d'Karriär an op de Salaire huet, mä just op de Schëllergrad, dat ass kategoresch falsch an entsprécht definitiv net der Wourecht."

De Christian Schleck reagéiert domadder op Aussoe vum zoustännege Minister François Bausch. De Bewäertungssystem ass fir d'Arméisgewerkschaft SPAL awer nach laang net deen eenzege Problem. Et wier zum Beispill och verpasst ginn, de Statut vum Zaldot ze moderniséieren an en domadder un déi aktuell Gesetzgebung respektiv un EU-Direktiven unzepassen.

Et géif een d'Arméi an de Minister awer verstoen, esou hätt ee méi Flexibilitéit, fir sech un näischt mussen ze halen. Just no bausse géif ëmmer dofir gesuergt ginn, datt alles gutt ausgesäit, kritiséiert de Vizepresident vum SPAL Tom Braquet.

"Positiv soll alles sinn, schliisslech liest a lauschtert ee jo an der Presse, wéi vill Leit méi an der Arméi waren, mä wou si se dann? Och bei den Zuelen... Positiv soll et sinn. D'Scheewercher lafe fort. XY un der Zuel an alle Karriären awer ouni Negativitéit wgl. Et soll jo positiv sinn. Steng an de Wee kritt een och keng geluecht, bleift einfach do. Trotzdeem ginn et esou vill Ofgäng wéi nach ni. De Fësch sténkt ëmmer... Positiv soll et sinn."

Och um aktuelle Sozialdialog fënnt de SPAL näischt Positives. Laang hätt ee guer net missen doriwwer schwätzen, well ëmmer transparent a mam néidege Respekt zesummegeschafft gi wier. Dat wier elo net méi esou, mä d'Arméisgewerkschaft hofft, datt dat mat enger neier Regierung nees eng aner Tournure kritt.