PoliceMann festgeholl no Abroch a Keller op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf en Abroch an en Appartementshaus um Boulevard de la Pétrusse gemellt.

Déi Persoun hat 2 Dieren opgebrach a Géigestänn matgoe gelooss, ier se vun den Awunner iwwerrascht a vun der Police festgeholl gouf. No Enquête gouf de Verdächtege mat engem weideren Abroch an en Haus an an een Auto a Verbindung bruecht. De Mann huet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO