Zu Lëtzebuerg wunne méi wéi 660.000 Leit

Dat sinn der ronn 15.000 méi wéi zejoert. Am Verglach mat 1981 ass d'Populatioun deemno ëm 81 Prozent gewuess.
Dës Zuele liwwert den nationale Statistiksbüro Statec.
313.000 Mënschen, déi hei am Land liewen, sinn Auslänner, mä bal 13 Prozent vun hinne sinn am Grand-Duché op d'Welt komm.
Am Verglach mat 2018 ass d'Zuel vun den auslännesche Residenten liicht zeréckgaangen, virop wéinst dem Impakt, dat d'Gesetz iwwert déi duebel Nationalitéit huet, dat 2009 gestëmmt ginn ass.
Méi wéi Dräivéierels vun den auslännesche Residente kommen aus engem EU-Memberland, virop aus Portugal, Frankräich an Italien.
De Statec huet och analyséiert a wéi enge Géigende vum Land déi meescht Leit wunnen an nennt do als éischt d'Kantoner Lëtzebuerg an Esch.
D'Altersstruktur vun de Leit huet an deene leschte Jore changéiert. Et gi manner Kanner a Jonker bis 19 Joer par konter ginn et a relativen Zuele méi Leit an der Altersklass tëschent 40 a 64 Joer.
Datt et grad an där Kategorie méi Leit gëtt, läit dem Statec no u Migranten, déi aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg kommen.
Méi Leit ginn et awer och an der Alterskategorie iwwer 80 Joer. D'Liewenserwaardung läit bei bësse méi wéi 80 Joer fir Männer an net grad 85 Joer fir Fraen.
Op den 1. Januar 2023 hunn eng 122.000 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit am Ausland gelieft. Dee gréissten Deel a Frankräich, dann an der Belsch, Brasilien an Däitschland.
D'Zuel vun de Lëtzebuerger a Brasilien huet sech an deene leschten 3 Joer méi wéi verdräifacht. Dat si Leit déi iwwert de Recouvrement déi Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hunn.