Keespelt
Bus huet an enger Hal gebrannt

© Domingos Oliveira
E Freideg gouf et en Asaz vum CGDIS zu Keespelt, dat wéinst engem Feier an enger Hal.
Op Nofro huet de Spriecher vum CGDIS confirméiert, datt ee mat méi Ekippen op der Plaz am Asaz war. De Rettungsekippen ass et gelongen, de Bus, deen an enger Hal Feier gefaangen hat, ze läschen. De CGDIS huet RTL confirméiert, datt keng Persoune blesséiert goufen.
D'Warnung fir d'Awunner aus der Ëmgéigend, fir d'Fënsteren an d'Dieren zouzeloossen, gouf opgehuewen.
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies